Et gëtt Museker déi de Maximum aus hirem Talent eraus huelen. Den Ed Sheeran ass esou een. Villäicht läit dat dorun, well hien senge Gittaren Nimm gëtt.4 Grammyen, 5 Brit Awards an direkt 4 mol Spotify Musician Of The Year. Mat 30 Joer ass dem Ed Sheeran säi Brout gebak. Dat hält hien net dovun of weider nei Musek ze maachen. Den 3. Dezember kënnt seng nei Chrëscht-Single eraus.

01/12/2021 Ed Sheeran Xmas Single

Alles wat den Ed Sheeran upäkt gëtt zu Gold. Seng Musek geet an de Kapp a bleift am Ouer. Keen anere Museker ass esou Konstant wéi den Ed Sheeran.
Elo kënnt da säin nächste Coup. Chrëschtmusek. Den Ed Sheeran bréngt e Freiden e Chrëschtlidd mam Numm «Merry Xmas» eraus. Entstanen ass d’Lidd op Ufro vum Elton John.
Wéi et zu där Zesummenaarbecht koum, dat huet den Ed Sheeran an der Jonathan Ross Show erkläert:

Ed Sheeran:
Hien huet mech ugeruff … wéi mäi Meedchen op d’Welt komm ass, huet hien ugefaange mech méi dacks unzeruffe well hien och Papp ass a kucke wollt op ech eens ginn. An op Chrëschtdag rift hien eng weider Kéier un a freet «solle mer net zesummen e Chrëschtlidd ophuelen»? An ech war esou, villäicht am Joer 2022. Deen Dag hunn ech direkt ugefaangen de Chorus ze schreiwen. Sollt den Dag eemol kommen, da sinn ech virbereet.

Den Ed Sheeran war domat präparéiert. A wann den Dag sollt kommen, da gëtt genee dëse Chorus aus dem Tirang geholl. Wéi dunn e Kolleeg vum Ed Sheeran am Mäerz gestuerwen ass, huet den Elton John all Dag ugeruff, esou laang bis den Ed Sheeran sech gefrot huet, firwat en dat eigentlech nach net gemaach huet. Wee weess wat muer ass a wann iergendengem eppes geschitt. Den Ed Sheeran huet no dëse Gedanken decidéiert d’Saach an d’Hand ze huelen. An do ass nawell e bëssen dobäi erauskomm.

Méi huet den Ed Sheeran nach net verroden. Méi dovun, kréie mer dann e Freiden.