Och wéi de Walt Disney de 15. Dezember 1966 seng Ae fir ëmmer zou gemaach huet, lieft deen Univers, deen hie geschafen hat virun. Wat mat enger klenger Maus ugaangen ass, huet sech zu engem giganteschen Imperium entwéckelt. D'Marie Gales kuckt op d'Liewen vun dem Mann zréck, deen haut op den Dag, de 5. Dezember virun 120 Joer zu Chicago op d'Welt koum.

05/12/2021 120 Joer Walt Disney

Ugaangen ass déi ganz Succes Story mat eng klenge Jong, dee ganz gutt mole konnt a seng éischten Zeechnungen fir 5 Cent verkaf huet. Aus dem Walt gouf e gefroten Animatiounskënschtler. An den 1920er Joren hat hien an sengem éischten Trickfilmstudio zu Kansas City kuerz Reklammen a Cartoone produzéiert, duerno ass hien 1923 op Hollywood gaange fir do mat sengem Brudder Roy Disney d'Walt Disney Company ze grënnen.

Schonns fréi hat hien och den Zeechekënschtler Ub Iwerks kenne geléiert an den Disney huet dësem ëmmer méi d'Konzeptioun vun de Figuren iwwerlooss an hien hat sech ëm de Business bekëmmert. 1928 koum d'Mickey Mouse op d'Welt an an den 1930er Jore koum den éischte laangen Zeechentrickfilm eraus, d'Schnéiwittchen an déi 7 Zwergen. Dee krut och en Oscar .
 

Grouss a kleng ware vu senge kuerzen a laange Filmer begeeschtert a mat der Ouverture vun sengem 1. Disneyland zu Anaheim bei Los Angeles goung 1955 e weideren Dram fir de Walt Disney an Erfëllung. Duerno gouf e weideren a Florida gebaut. An haut ginn et der iwwerall op der ganzer Welt. De Geschäfstmann Disney wollt sech och net just op de Kino verloossen a wousst dofir als ee vun den éischte Filmproduzenten de Media Televisioun richteg ze notzen a konnt ville Leit op ee Coup seng nei Produktioune méi no bréngen.

Allerdéngs gëtt et och net esou Schéines iwwert de Mann mat de Märercher ze zielen, sou wier hien en tyrannesche Boss gewiescht, hätt vill gedronk a gefëmmt, wat schlussendlech och säi Liewe kascht huet an hätt vill Zwäng gehat wéi stonnelaang Hännwäschen. Him goufe Relatioune mam FBI nogesot, well e ferm antikommunistesch war an hie wier souguer als Spioun aktiv gewiescht.
 

Bambi war iwwregens dem Walt Disney säi perséinleche Liblings-Animatiounsfilm, ma säi Schafen ass net just beim Zeechentrickfilm hänke bliwwen, sou goufen et och Filmer mat reelle Figuren, zum Beispill Mary Poppins, deen zu den erfollegräichste Walt Disney-Filmer zielt.
 

 „Disney“ gouf zu enger international bekannter Mark fir vill Produiten an der Ennerhalungsindustrie, net just Filmer, ma och Bicher, Zäitschréften, Musicallen, Muséeën, Theater, Sendungen, Senderen an en immense Merchandising.
Mat engem Ëmsaz vu 74,8 Milliarden US-Dollar, bei engem Gewënn vun 10,4 Milliarden US-Dollar zielt d'Walt Disney Company zu de 5 gréisste Mediekonzerner vun der Welt an ass der Lëscht vu Forbes Global 2000 op Plaz 36 vun de weltgréissten Entreprisen, Stand 2020.