Ëm Liewen an Dout geet et haut an der Serie mat Geschichten déi engem un d'Häerz ginn, well Déieren d'Haaptroll spillen. Mir huelen Iech nees mat an d'Praxis vun eiser RTL Déierendoktesch, an d'Romi Roth huet haut e besonneschen Fall mat bruecht dee sech awer och bei Iech doheem, sou oder sou änlech ofspille kéint. 

02/12/2021 Déierentipp: De grénge Mäerder

De Flat Coated Retriever Siggy hat nees de Bauchwéi. Dës Kéier war d´Gegrommels, den Duerchfall an d´Briechen net wéi soss mat e puer Kuelekapselen ewech. Et ass au contraire vu Stonn zu Stonn méi schlëmm ginn. Wéi de jonke Ritt guer net méi vu sengem Kierfchen opstoe wollt, huet seng Famill hien awer emol an d´Consultatioun bruecht. Wou dem schwaarze Mupp säin Zännfleesch an d´Conjonctiven net däischter pigmentéiert waren, war alles ganz bleech. Mat enger Bluttanalys war ze gesinn, dass dem Siggy seng Liewer schlecht war. Hien hat och schonn ze mann rout Bluttkierpercher, eng Anemie wéinst banneschte Bluddungen.

02-12-2021 Déierentipp - Romi Roth - De grénge Maerder - Analyse

Eng Vergëftung? Esou virwëtzege, jonke Mupp ass jo net auszehidden. Déi friessen alles, just aus Virwëtz a fir ze spillen!

Seng Leit haten hien  beim leschten Trëppeltour duerch de Bësch derbäi erwëscht, wéi hien verdächteg laang un e puer gréngelzeg-giele „Champignonen“ geschnoffelt huet. Et hat een de jonke Geck zwar du séier fort gezunn an him och nach e puer Grimmelen där Dréichlécken ronderëm d´Schnëss fortgewëscht. Mat de Biller vun „Pilze Luxemburgs“, enger Publikatioun vu Natur an Ëmwelt war seng Meeschtesch sech ganz sécher: hien hat op d´mannst een, wa net e puer "Grüne Knollenblätter-Pilze" gejickt. Op lëtzebuergesch heescht dee Champignon net fir näischt de "Grénge Mäerder". De Siggy hat vill Chance! Mam Géigegëft Silibinin aus der Mariendistel géint dem Grénge Mäerder säin déidlecht Liewergëft Amanitin an enger Abberzuel Baxteren konnt hien erëm zeréck an d´Liewe geholl ginn.

02-12-2021 Déierentipp - Romi Roth (2) De grénge Maerder - Behandlung