''Sauer macht lustig!'' Dat mengen och eng Rëtsch Fuerscher, wann et ëm Zitroune geet. D'Uebst ass net nëmmen eng Vitaminn C Bomm, mee hëlleft ënnert anerem fir besser ze schlofen oder géint Mustiken. Wéi Dir d'Zitrusfruucht zu ärem Virdeel notze kënnt, weess de Jeff Rossler.

03/12/2021 Zitroun fir alles (Internet)

Zitroune benotzt ee scho laang, fir den Immunsystem ze stäerken, sief et als Jus fir eng einfach Stäerkung oder waarm gemaach mat e bëssen Hunneg fir géint eng Erkältung. Mir mussen awer mol net d'Zitroun iessen oder de Jus drénken, fir dass se eis hëllefe kann. Etüden vun der Ohio State University hu sech mat den äthereschen Ueleger beschäftegt, déi vun der Fruucht fräigesat kënne ginn. Déi kënnen z.B. en Afloss op eis Hormoner hunn. Wann een e bësse Salz op eng Zitroun mécht an déi dann nieft d'Bett stellt, hëlleft dat net nëmme beim An- mee och beim Duerchschlofen. De Geroch vun der Zitroun soll ganz vill Serotonin an eisem Kierper fräisetzen, eise Gléckshormon, an e suergt dofir, datt mir manner Cortisol, also Stresshormoner an eisem Kierper hunn. Mir hunn eng besser Laun a kënnen dann och besser schlofen. De Lavendel hätt grad esou e positiven Afloss op eis.

D'Zitroun huet do awer nach e klenge Bonus: Se hëlleft net nëmme beim Schlofen, mee de Geroch huet och eng positiv Wierkung op eis Schläimhaut an eis Bronchen. Do wierkt d'Fruucht antibakteriell an d'Otemweeër gi besser op. Eng waarm Zitroun fir ze drénken, hëlleft do natierlech och, mee opgepasst: Keng Zitroun a Waasser, dat kacht. De Vitaminn C ass ganz empfindlech a kann duerch de Schock séier zerstéiert ginn.

Wien am Summer vun de Mustike verschount wëll ginn, deem ass hei och gehollef. Déi pickeg Insekte si keng Frënn vum sauere Geroch a loossen iech dann éischter a Rou. Ma wann Dir Iech eng Scheif Zitroun nieft d'Bett leet, denkt awer ëmmer drun se den nächsten Dag nees wech ze geheien. Soss sinn et net d'Mustiken, mee Mécken, déi iech nerve kommen.

Vitamin C ass och gutt géint Entzündungen oder de Bass. Wann dir eng hallef Zitrounescheif also driwwer reift oder e bëssen Zitrounejus drop drëpse loosst, sollt et manner bäissen an d'Schwellung geet zeréck.

Zitrounen hëllefe net nëmmen dem Kierper, mee och am Haushalt. Zitrounejus kënnt Dir z.B. benotze, fir haartnäckeg Flecke vum Duschkapp oder vum Krunn ze kréien.