Am November 1791 ass de Wolfgang Amadeus Mozart schwéier krank ginn a stierft zwou Wochen drop am Alter vu 35 Joer, dat sinn haut genee 230 Joer hier. Nach ëmmer ass net kloer wourunner de Mozart genee gestuerwen ass an zanterhier ginn et och en etlech Mythen ronderëm d'Doudesursaach, Michèle Schons?

05/12/2021 230. Doudesdag vum Mozart

Den 20ten November krut de Wolfgang Amadeus Mozart op eemol héich Féiwer, hat Péng an extrem geschwollen Äerm a Been. An den Deeg drop ass säin Zoustand ëmmer méi schlecht ginn an kuerz nodeems en an de Koma gefall ass, ass en de 5ten Dezember 1791 fir ëmmer ageschlof. Um Doudeschäin stoung "hitziges Frieselfieber", ma wat fir eng Krankheet dass dës Symptomer bruecht hunn, ass zanter méi wéi 200 Joer e Rätsel.

Mythen, méi oder manner onwarscheinlech Fakte markéieren dem Mozart säi fréien Dout. Dee populäerste wuel d'Theorie am Film Amadeus, dass säi Konkurrent Antionio Salieri e vergëft hätt. Verstäerkt gëtt de Gedanken nach doduerch dass de Mozart effektiv an senge leschte Méint eng schwéier Phase duerchlieft huet, an ënner Verfolgungs- an Existenzängscht gelidden huet. Hie selwer huet hannert sengem Zoustand, deen ëmmer méi schlecht gouf, eng Vergëftung gesinn, wat awer éischter eng subjektiv Aschätzung wéi Realitéit war. Da geet vu Syphilis riets, oder souguer vun Trichinellose. 1905 hat e franséischen Dokter gemengt e wär un enger Harnsaiervergëftung opgrond vun enger Nierenentzündung gestuerwen an 1961 koum d'Iddi vun enger Quecksëlwervergëftung.

RTL

Nieft de Mythen hunn och d'Wëssenschaftler sech fir säin Dout interesséiert, opgrond vu minutiéiser Detektivaarbecht gëtt op en akut rheumatescht Féiwer duerch eng Streptokokkeninfektioun gesat a well et deemools keng Antibiotiquë gouf, wären d'Leit un esou Infektioune gestuerwen. 2009 du koum den hollännesche Wëssenschaftler Zegers zu der Erkenntnis dass de Mozart warscheinlech eng Pharynghite hat, eng Halsentzündung mat Krämp, Féiwer an Ausschlag a Schwellungen am Hals. Dem Komponist seng Schwéiesch Sophie hat d'Symptomer esou beschriwwen an e weideren Indice gëtt de Wiener Totenregister am Wanter 1791 wou méi Doudesfäll opgrond vun där Krankheet vermierkt sinn.

RTL