Vu Wanterpneuen, iwwer Schnéi um Auto, Äis krazen bis hin zu Schnéiketten- Mir hu beim Frank Maas am ACL nogefrot.

De Wanter ass net onbedéngt eng einfach Zäit wann ee vill mam Auto fiert. Verschidde Saachen mussen einfach gemaach ginn, bei anere ginn et Recommandatiounen.

De Frank Maas aus dem ACL fänkt emol mat de Wanterpneuen un. Hei zu Lëtzebuerg ass et net un en Datum gebonnen, wéini se mussen um Auto drop sinn, mä u wanterlech Konditiounen:

Wanterpneuen um Auto an alles propper maachen w.e.g

"Bei Schnéi a Schnéi-Matsch, veräiste Stroossen oder wann et geräift ass, da muss ee Wanterpneuen um Auto drop hunn. An da muss natierlech och d'Zeechen 'M + S' um Pneu drop stoen. Wa Schnéi ass oder Äis, muss een den Auto fräi maachen. Et muss een de Schnéi vum Auto erof huelen (vum Daach, vum Capot, dass guer méi drop läit), an d'Fënstere muss een och alleguerte fräi maachen, et geet net duer dass e vir just e 'Gucklach' mécht."

RTL

© Pixabay

Och d'Spigelen, d'Luuchten an d'Nummereschëlder musse propper gemaach ginn. Wann déi Saache net gemaach ginn, riskéiert een e Protokoll ze kréien. An de Motor dierft Der déi Zäit, wou Der den Auto propper maacht, NET lafe loossen. Fir uerdentlech propper ze maachen, muss ee natierlech och dat richtegt Geschier hunn, ënnert anerem en Handbiesem.

Equipement fir gutt ze schaffen an dono gutt ze fueren

"Fir de Schnéi vum Auto erof ze maachen, mat deem een d'Karosserie net zerkraazt. Dann ass et natierlech och wichteg eng Kraz ze hunn fir de Pare-brise an d'Fënster ronderëm fräi ze kréien. Do ginn et och extra Sprayen, déi do kënnen hëllefen, a wat och kann hëllefen ass eng Frostschutzfolie, déi een op de Pare-brise leet, wou een da moies net méi brauch fräi ze krazen a just nach déi aner Fënstere muss maachen." 

RTL

© Pixabay

D'Luuchten vum Auto mussen all goen a wann et bei enger emol net de Fall ass, muss se esou séier ewéi méiglech gewiesselt ginn. Wann Der mam Auto an de Wantersport fuert, sollt Der Iech am beschten am Viraus informéieren...

Schnéiketten am Viraus probéieren op den Auto ze maachen

"Ob net op där Plaz vläicht eng Schnéiketteflicht ass an dann dee Moment sech och deementspriechend equipéieren. An da kann ee nach soen, wann ee nach ni Schnéiketten op den Auto drop gemaach huet,  dass een dat eng Kéier doheem soll am Dréchene probéieren, well dat awer scho méi schwiereg ass, wann een dohannen op der Plaz ass, an da vläicht no enger laanger Faart dann owes am Däischteren déi déi éischte Kéier muss drop maachen. Dat ka sech als schwiereg erausstellen."

Am grousse Ganze gëllt: Bei wanterleche Konditiounen ëmmer genuch Zäit aplangen. Well een alles muss propper maachen an och méi laang ënnerwee ass.