De Super-GAU zu Lëtzebuerg. Wat géing da geschéie wann zu Kettenuewen en Accident geschitt an ee vun de Reakteren explodéiere géing? Déi franséisch-lëtzebuergesch Koproduktioun An Zéro oder Super-GAU Die letzten Tage Luxemburgs gräift deen Zenario op a leeft den Owend zu Déifferdeng.

De Film ass ënnert der Regie vum Julien Becker a Myriam Tonelotto entstanen a soll also weise wat geschitt wann et zu Cattenom knuppt. E klengen Tipp; de Documentaire, an deem ënner anerem de Luc Schiltz matspillt, net all ze Eescht huelen. Nodeems An Zéro nämlech fäerdeg war, konnt sech d'Regisseurin net méi mam Wierk identifizéieren a bedauert datt eng Partie Zeenen aus dem Film erausgeholl goufen. Mä am beschten dir maacht iech selwer e Bild den Owend vu 19:00 un am ale Stadhaus zu Déifferdeng maachen.