Masse vu Mënschen déi randaléieren, dat hu mer e Samschden an der Stad gesinn. Nach si keng juristesch Poursuitten an d'Weeër geleet ginn, awer wat seet den Affekot, wat kann engem Randaléierer geschéien..? Wat gesäit d'Gesetz vir...? Mir ginn d'Fro lo un den Affekot Jean-Jacques Schonckert weider.

07/12/2021 Fro un den Affekot: Wat fir e Suivi bei Randaléierer

Wéini gëllt en Akt als "Randaléieren"?
Jean-Jacques Schonckert: Déi Virfäll, déi elo Samschden waren, déi muss een encadréieren. De Prinzip ass, jiddereen duerf seng Meenung ausdrécken, wéi e wëll, sou laang d'Gesetzer agehale ginn. Dat heescht déi Organisatiounen hätte bei der Stad Lëtzebuerg ugemellt solle sinn. Well et op Plaze war, déi dem Staat gehéieren, hätt deen och misse virdru gefrot ginn. Et schéngt net de Fall gewiescht ze sinn. Per se ass dat dann verbueden. Da geschéien do natierlech och Saache, wa sech esou Masse beweegen an et sinn och nach Leit dorënner déi stëppelen, déi guer net dohi kommen, fir no Fräiheet ze jäizen, ausser no der Fräiheet alles vreckt maachen ze kënnen an ze doe wéi se wëllen.
Dat gëtt dann e Marsch duerch de Code pénale: Et ass incitation à la haine, violation de de domicile, Injuren, Sequestratioun, et ass Degradatioun vu private Besëtztemer. Do interferéieren nach aner Rechter, wéi la liberté de la commerce, d'Leit um Chrëschtmaart konnten hire Commerce net méi exerzéieren, a sou weider a sou virun. Et ass penaltechnesch gesinn eng héich explosiv Situatioun, fir déi, déi sech bei der Affär an d'Fanger huele loossen.

Ass katalogiséiert wéi d'Strofen vun esou Doten ausgesinn? Oder hänkt dat vu Fall zu Fall of?
Jean-Jacques Schonckert: Wann et e klenge Vandalismus ass, also wann een aus Topegkeet eppes futti mécht, z.B. en Auto zerkraazt, dann ass awer schonn e Joer Prisong virgesinn. Wann een eng privat Proprietéit vreckt mécht, da fänke mir scho bei 3 Joer un. Wann een et nach an enger Grupp mécht, da kënnen 5 bis 10 Joer kommen. Da kommen och nach Geldstrofen derbäi, dat ass net näischt.

All eenzel Infraktioun gëtt do och gezielt, wann ech elo bei engem virun der Dier Doheem randaléieren an ech maachen eppes futti, dann ass et fir d'éischt violation du domicile privé. Et ass eng Sequestatioun, well déi Persoun kann da net eraus, se ka sech net fräi beweegen. Et ass incitation à la haine - "hei komm du mol eraus, da wäerts du gesinn" - do fäert een. Et ass e Katalog, da kommen déi Strofe beieneen, da gëtt et eng richteg Deier. Do sollt ee sech zwee Mol iwwerleeën, ob een a sou Mouvementer matmécht, wou een anerer hir Rechter express verletzt.