De Kleeschen, d'Chrëschtkëndchen an de Santa Claus sinn an Umarsch an dëse Mount ass nees deen, wou vill Kaddoe gemaach ginn. Ganz uewen op der Wonschlëscht stinn dacks Apparater, wéi Tablett, Handy a Computer. Mir hu mol nogefrot, ob et dann eng gutt Iddi ass klenge Kanner schonn esou eppes ze schenken

01/12/2021Wéini eng Tablett oder en Handy?

D'Elena Bienfait, d'Directrice vu Cnapa - Centre National de Prévention des Addictions huet do eng kloer Äntwert.

Nee eigentlech net, dat wäert elo munch Elteren net esou gefalen. Mä et ass ganz einfach esou, datt déi Kanner definitiv ze jonk sinn. Mir maachen als Erwuessener do en Denkfeeler. Mir si jo an enger Welt an där Digitaliséierung a Medien eng riseg Roll spillen an hu vergiess oder bemierken net, datt Kanner keng Erwuessener sinn. An d'Digitaliséierung bedeit awer net, datt déi Kanner net genee esou déi Entwécklungsschrëtter musse maachen wéi grouss ze ginn, déi se musse maachen.
 

Eng ideal Entwécklung vun engem Kand géif net duerch d'Geklimpers op engem Handy oder Tabell zustane kommen. Kanner brauchen konkret a real Erfarung mat hire Sënner, richteg spillen also. Kreativitéit géif duerch dat Digitaalt net gefërdert, mä carrement erstéckt ginn.
Nun, a wéi engem Alter kann ech dann a Betruecht zéien awer mengem Kand sou en Apparillo ''deen all Mënsch an der Klass huet, ausser ech'' zoukommen ze loossen?

 Handy ass natierlech sou en Thema an Tablett och...(...) Nun, Tablett kann ee soen tëscht 8-10 Joer. Dorobber kann ee jo och zeechnen oder molen oder Spiller. Mä och do sinn net déi Krittäre fir Kannerentwécklung, déi mir eigentlech sichen doranner. Dëst alles ersetzt ni Erfarunge mat Elteren oder Frënn. Kanner musse fräi spillen an dat huet eng Rise Repercussioun op hir Beweegung a Beweegung huet Repercussioun op hiert Schwätzen a Beweegung huet och eng Auswierkung op mathematescht Verständnis.

Situatioun: Elo huet mäi Kand awer en Handy geschenkt kritt?
Amplaz dem Kand den Handy radikal ofzehuelen, sollt ee selwer als Eltere mol säi eegenen digitalen Konsum ënnert d'Lupp huelen. Wann een als Mamm oder Papp nonstop domadder beschäftegt ass, kann d'Kand net verstoe wann et den Handy verbuede kritt.
Ganz wichteg, seet d'Elena Bienfait, nimools d'Kand mam Handy oder Tablett sech selwer iwwerloossen.

Net gutt ass wann d'Kanner eleng gelooss gi mat Medien, egal a wat fir engem Alter. Dann hu si kee mat deem si sech ausernee kënne setzen, fir Wierder drop ze setzen an dat ass passiivt Konsuméieren. Wichteg ass och, datt d'Elteren net de Kanner e Medium an d'Hand gi fir d'Zäit dout ze schloen, wéinst Langweil. Dobäi ass Langweil immens wichteg, mir bréichte vill méi Langweil, well do kann een nodenke wat ee Loscht huet ze maachen.