Hmmm, wat dat gutt richt: egal op a Kichelcher oder am Kuch, am Téi oder Glühwäin oder op Uebst wéi zum Beispill Orangen - Kanéil ass immens beléift an dat virun allem ronderëm Chrëschtdag. Dass dat Gewierz awer sou vill méi ka wéi nëmme fir e gudde Geroch a Geschmaach ze suergen, dat erkläert eis d'Nicky Soisson elo direkt.

07/12/2021 Ass Kaneil gesond

Kanéil ass virun allem dofir bekannt gutt fir d'Gesondheet ze sinn a gëtt schonn zanter laangem als Heelmëttel gebraucht. Well d'Ägypter hunn e benotzt, sief et fir anzebalsaméieren, ze reecheren oder als Aphrodisiaque. Och am Mëttelalter gouf e benotzt fir Krankheete wéi zum Beispill bakteriell Infektiounen ze heelen.

Ma och bei Diabetes vum Typ II soll dat Gewierz hëllefräich sinn. Effektiv, wann ee sech op verschidden Etüde verloosse kann, soll Kanéil de Bluttzockerwäert positiv beaflossen andeems en den Insulinspigel erofsetzt. An amplaz Zocker am Blutt ofzebauen, hëlleft en d'Fett am Kierper lass ze ginn. Ofgesinn dovunner soll en dofir suergen, dass ee sech méi laang sat fillt an en hëlleft dono nach beim Verdauen.

A wann ee Problemer mat engem sougenannte nervöse Mo huet, da soll een et och mol einfach domadder probéiere fir dësen ze berouegen.

Ma net nëmmen de Bauch ass frou domadder, och eise Verhalt profitéiert vun deene gudden Eegenschafte vum Kanéil. Enger Etüd no soll de Geroch d'Verhale verbesseren, eis hëllefe besser a méi séier ze léieren a souguer bei Krankheete wéi Alzheimer hëllefe kënnen.

Allerdéngs ginn et och, wéi sou dacks am Liewen, och beim dësem, nenne mer et mol einfach Chrëschtdagsgewierz, negativ Säiten! Sou soll een dëst gemuelen ni puer a grousse Quantitéiten anhuelen. Schonn een Téiläffel voll dréchent de Mond an d'Strass staark aus a kann zu Houschtkrise bis hin zum Erstécke féieren.

Och de Cumarin, deen een am Kanéil fënnt, ka problematesch gi well e bei héijen Dose beim Mënsch responsabel fir Liewerschied ka sinn.
Dowéinst gëllt et beim Akafen drop opzepasse wéi ee Kanéil ee keeft, well net an all Zort fënnt een déi selwecht Quantitéit u Cumarin. Ceylon-Kanéil wier definitiv dat Bescht och wann e bëssi méi deier ass. Ma op mannst riskéiert ee mat dëser Zort keng gesondheetlech Problemer.

Fazit: Wien a Saache Kanéil deemno alles well richteg maachen, dee benotzt dat Gewierz nëmmen a Moossen a keeft am Beschten de Ceylon-Kanéil am Bio-Rayon.