Leit déi vill mat Kappwéi geplot sinn, géifen bestëmmt alles derfir ginn, wann se dat picken, drécken oder dauschen am Kapp lass wieren. Den Dr Marc Keipes, Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare, kann zwar och keng Wonner bewierken, mä ass den Ursaachen vun der Migrän op der Spuer, well hien ass op eng villverspriechend Etüd gestouss déi et mat der richteger Ernierung versicht.

Omega-3-Fetter ginn ëmgebaut an Substanzen déi Péng reduzéieren. Hei ass eng Etüd mat 182 Patienten, wouvunner 80% Fraen waren. Déi leiden leider méi ënner Migränen, an deenen goufen 3 Regimmer zougedeelt. Déi haten an der Moyenne wéi et ugaange ass 16 Deeg pro Mount Kappwéi an 5,4 Stonnen pro Dag. Dat muss ee sech emol virstellen. Eng Grupp war déi, déi als Kontroll sollten wierken an déi kruten hier Ernierung sou weider wéi virdrun. Dann gouf et een Grupp dee krut nëmmen den Omega-3 eropgesat. An an deem 3ten Grupp hu se net nëmmen versicht den Omega-3 eropzesetzen mä och den Omega-6 erof.

04-12-2021 Gesondheetstipp - Marc Keipes - manner Kappwéi - Experiment

Grupp 1, 2 an 3 goufen iwwer déi ganz Zäitspan ënnerschiddlech traitéiert an d'Resultat misst deementspriechend sinn.

Am drëtten Grupp ass et an der Moyenne 1,7 Stonnen manner laang Kappwéi ginn, no 4 Méint Regime an zu 4 Deeg manner Kappwéi pro Mount. Gläichzäiteg goung och nach de Verbrauch vun Medikamenter géint Migrän erof. Also bei Leit déi 2 Migränskrisen d'Joer kréien rentéiert sech deen Opwand do héchstwarscheinlech net, mä an deene schlëmme Fäll ass et awer vläicht emol ze probéieren.

04-12-2021 Gesondheetstipp - Marc Keipes - manner Kappwéi - Resultater Etüd