Datt kënschtlech Intelligenz mat eis schwätzt, ass jo net ganz nei. Wann een do un Gadgete wéi de Siri oder d'Alexa denkt. Esou richteg no engem Mënsch kléngt dat dann awer och net. A Kalifornien soll elo eng Kënschtlech Intelligenz esou gutt schwätzen, dass ee menge kéint et wär e richtege Mënsch a souguer ganz Radiossendunge moderéiere kann. D'Lea Schwartz huet d'Detailer.

08/12/2021 Roboter ON AIR

DJ Andy: Hallo, ech sinn den Andy a wëllkomm zum alleréischten Test vu Kënschtlecher Intelligence als Animateur. Obwuel wann ech esou iwwert déi Joren zréckdenken, déi ech a Radiostatioune geschafft hunn, muss ech soen, déi meescht Intelligenz hei ass kënschtlech. Just ee schlechte Roboterwitz. Fänke mir u mat eiser Stonn Sendung, hei sinn d'Foo Fighters.

Esou kéinten an Zukunft Radiossendungen a Kalifornien kléngen. Do gëtt nämlech grad mat Kënschtlecher Intelligenz geschafft, déi esou echt kléngt, wéi e richtege Mënsch. Fir, dass dat awer fonctionéiert, huet et fir d'éischt och emol e richtege Mënsch gebraucht. Den Andy Chanley ass zanter 32 Joer Radiosanimateur bei engem Kalifornesche Radiosender. An elo och d'Stëmm vum Andy, dem Roboter. Dofir huet hie Stonne vu Material missen ophuelen.

ANDY CHANLEY: Ech muss vill schwätzen, ech hunn Stonnen domadder verbruecht, Saachen ze soen, déi um Radio kéinte kommen. Ech probéieren do ze kléngen, wéi wann ech wierklech mat de Leit dobausse schwätze géif. Ech liese Wiederprevisiounen, soe Lidder un an dat fir Stonnen a Stonnen. Dat Material ginn ech dann un "Well Said" an si maachen dann hir Zauberei domadder.

Well Said Labs ass d'Entreprise, déi hannert dem Andy, dem Roboter stécht. Dass si Texter vertounen loossen, ass net ganz nei. Dat Neit um Andy ass, dass hien spéider och eege Sätz formuléieren kann an och Wierder, déi een net kennt, liese kann. De Martin Ramirez ass ee vun den Entwéckler an erkläert wéi dat fonctionéiert.

Martin Ramirez: Déi Kënschtlech Intelligenz mixt den Toun esou, dass dobäi dat erauskënnt, wat mir Mënschen als Sprooch erkennen. Mir kënnen hien zum Beispill ustellen "waakreg" ze soen, och wann dat ni ageschwat gouf, et wäert ëmmer déi Momenter ginn, wou ee Wierder notze muss, déi de Roboter net kënnt. Da muss een dat phonetesch schreiwen. D'Zil ass et, dass déi kënschtlech Intelligenz onofhängeg schwätze kann, dofir schafft si éischter mat Téin, net mat enger Sprooch, et muss fir si keng Bedeitung hunn.

Déi kënschtlech Intelligenz léiert och permanent bäi. Spéider soll si dann an den Asaz kommen, wann zum Beispill keng Mënschen d'Sendung iwwerhuele kënnen, zum Beispill matten an der Nuecht, esou kann ee verhënneren, dass Lidder ouni Kontext noenee gespillt ginn. Wëll ee Virdeel huet esou eng kënschtlech Intelligenz zu eis Mënschen, midd gëtt si net.