Haut sténkt et an der RTL-Déierenpraxis an d'Romi Roth versicht deem infekten Gestank och direkt nozegoen, well op d'Dauer kann a wëll och deen treisten Déierefrënd dat net matmaachen.

D´Bella, e butzegen Shitsu-Mippchen konnt hannen net méi goen, esou schwéier hat et seng Doftdrüsen verstoppt an entzünt. D´Doftdrüsen sinn eng Aart Titercher, déi op 5 a 7 Auer nieft der Sortie vum Daarm leien. Oft si se fir ze baschte voll mat engem Sekret, dat fir d´Leit e Gallem verbreet, wéinst deem déi Geschicht méi realistesch carrement Sténkdrüs genannt gëtt. Wann d´Sténkdrüse krank sinn, reiwe Muppen, déi de Réck net esou futti hunn wéi d´Bella, sech mam Hënneschten iwwert de Buedem. Dat gesäit dann e bëssen aus wéi wann den Hondspatient Schlitt fuere géif.

07-12-2021 Déierentipp Romi Roth - Phytoantibiotikken - wou lait de Problem

Ass dat dann net wa se Wierm hunn?

Wann Honn Schlitt fueren ass et ëmmer wéinst den Doftdrüsen. Bei Kazen ass et bal ouni Ausnam wéinst Wierm. Well vum Doftdrüsen-Tissu, dee chronesch entzünt ass e ganz uerge Kriibs komme kann, hu mir virgeschloen, dem Bella seng Drüsen mat enger Operatioun fortzehuelen.  Mais dem Mippchen seng Meeschtesch wollt et fir d´éischt zwou Wochen mat enger alternativer Therapie probéieren. Déi Zäit krut d´Bella ganz staarke  Kamillentéi ënnert säi Fudder gemëscht an och e puermol des Daags Silicea, en homeopathescht Mëttel aus Sandmineral. Bei der Kontroll ware mir paff: vu Chirurgie war keng Ried méi. Dem Bella seng Doftdrüsen waren erëm ganz an der Rei an hat ass nees gelaf wéi en Hues.

07-12-2021 Déierentipp Romi Roth - Phytoantibiotikken hëllefen