Mir wëllen iech ons Heemecht weisen ass eng lokal a.s.b.l. di den interkulturellen Dialog tëscht Residenten an Flüchtlingen ënnerstëtzt. Si proposéiert interkulturell Evenementer an Atelieren fir dass déi zwou Säiten sech kënne besser kenneléieren a austauschen.

08/12/2021 Fest vun der Heemecht

Mir wëllen iech ons Heemecht weisen ass am Oktober 2015 gegrënnt ginn, nodeems vill Flüchtlingen aus Syrien op Lëtzebuerg koumen. D’ASBL huet ee Programm lancéiert, fir duerch en interkulturellen Austausch d’Integratioun vu Flüchtlingen an eis Gesellschaft ze fërderen.

Duerch Projeten am Beräich Kultur a Konscht, léiert ee sech kennen, heiansdo souguer nëmmen iwwert d’Kierpersprooch. D'Fest vun der Heemecht erméiglecht et aner Kulture kennenzeléieren, ouni Virurteeler, duerch eng Aart a Weis déi et iwwerall op der Welt gëtt, duerch Musek an Iessen.

D’Kultur eegent sech besonnesch gutt fir d’Mënschen zesummen ze bréngen, éischt Kontakter ze schafen an den Dialog un d’Rullen ze kréien. D'Thema vum Fest vun der Heemecht dëst Joer ass den Afghanistan.

D'Fest vun der Heemecht ass e Lëtzebuerger Owend dee weist, dass eis Sprooch do ass fir Brécken ze schloen, an net fir d'Leit ze trennen, ob am Hiphop vun De Läb, am Folkrock vum Serge Tonnar oder an der 20er Joren Chanson vun de Cojellico’s Jangen. Déi 3 Gruppen droen, jiddereen op seng ganz eege Manéier, op Lëtzebuergesch zum Dialog tëscht de Kulturen bäi.

umellen@onsheemecht.lu

Tickets fir d'Fest vun der Heemecht:

RTL

De Rendez-vous fir d'Fest vun der Heemecht ass de Freideg den Owend ab 7 Auer am Atelier, ënnert Covid Check an d'Iessen ass och separat pro eenzelen Teller verpaakt.