Lëtzebuerg feelt et un Aarbechter. Wann dat an eenzele Beruffer de Fall ass, zielen déi als Mangelberuffer. Mëttlerweil sinn dat awer keng Eenzelfäll, mee déi ganz Ekonomie ass dovunner betraff a verschidde Beruffer méi speziell: D'Handwierker. Am stäerkste betraff ass virun allem de Bau. Am drëtten Trimester d'lescht Joer waren 29% vun den Entreprisen ageschränkt, well se eng Penurie vu Mataarbechter haten. An der Santé an an der Hygiène waren et 18%. Dobäi läit et net dorunner, dass ëmmer manner Leit sech fir d'Beruffer interesséieren, esou den Tom Wirion, General Direkter vun der Chambre Des Métiers.

08/12/2021 Manktem a Beruffer zu Lëtzebuerg

Tom Wirion: Wann een déi lescht 15 Joer kuckt, dann huet d'Handwierk all Joer Zouwuess. Et kommen all Joer méi Leit an d'Handwierk schaffen. 2020 si 1.500 Leit méi an d'Handwierk komm, sou datt mer bei 100.000 Mataarbechter sinn. Et kann een also net soen, dass esou wéineg Leit an d'Beruffer kommen, et kommen der einfach net genuch, fir der Dynamik vun der Lëtzebuerger Ekonomie, der grousser Demande, Rechnung ze droen.

Duerch dëse Manktem feelen eis Kapazitéite fir d'Nofro ze decken, virun allem op eisem Wunnengsmaart. Natierlech stinn awer och Iddien am Raum, fir d'Zuelen eropzedreiwen, fir dass méi Leit en Handwierk léiere wëllen.

Tom Wirion: Et gëtt net déi Wonnerléisung. Dat eent ass, datt ee kuckt, déi Jonk dofir ze begeeschteren. Dat kann een iwwer Sensibilisatiounscampagne maachen, wat mir zum Deel maachen, z.B. mat der Kampagne "Makers of Luxembourg". Et misst een och un der Orientatioun schaffen, dat heescht d'Critèren aneschters definéieren, an deem een d'Gesamtheet kuckt, wou se méi oder manner gutt sinn. Da sinn iwwer d'Hallschent vun den 100.000 Leit, déi Frontaliere sinn, déi net onbedéngt Loscht hunn, all Dag am Stau ze stoen. Also wann een och an der Mobilitéit géing weiderkommen, géif dat sécher och hëllefen.

Net nëmmen d'Lëtzebuerger, mee och Leit aus dem Ausland, déi potentiell no enger Aarbecht zu Lëtzebuerg sichen, kéinten ofgeschreckt ginn. D'Salairë sinn zwar flott, mee mat den héije Liewenskäschte kann et dacks sinn, dass een et sech zwee Mol iwwerleet, ob ee fir eng Aarbecht op Lëtzebuerg plënnere wéilt. Ma et gëtt awer nach en anere Wee gesicht, fir der Demande nozekommen: Digitalisatioun.

Tom Wirion: De Secteur ass an der transition digitale. Dat ass e Prozess, deen awer nach e bësse wäert daueren. Doduercher ass et méiglech, fir méi produktiv schaffen ze kënnen, dat heescht, dass ee mat der nämmlechter Unzuel vu Leit méi ka maachen. Dat setzt dann och viraus, dass d'Betriber hir Prozesser iwwerkucken, dat setzt och konsequent den Effort vun der formation continue vun de Mataarbechter viraus.

Dee Problem ass natierlech net nëmmen zu Lëtzebuerg. Generell a Westeuropa geet et drëms eng passend Léisung ze fannen, fir dëse Manko un Aarbechter auszegläichen.