D'Nues richt léiwer eppes Guddes, wat se gären huet a kennt, wéi eppes wat se net gären huet a carrement sténkt. A wéiwäit den Dokter Marc Keipes, den Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter, sech elo em gudde Geroch këmmert, schéngt vläicht um Ufank liicht abstrus, awer ganz séier gëtt Iech kloer dass et do e gesondheetlechen Zesummenhang kann ginn.

Mir hu jo alleguerten gären, wann et bei eis doheem frësch a propper richt. A wat där Reklammen op der Telé lafen, wat dee Besoin nach méi grouss gëtt. Mä sinn déi ënnerschiddlech Botzproduiten a Lofterfrëscher dann och wierklech onschiedlech?

Bei Leit déi professionell mat Désinfectanten an aneren Botzproduiten ëmginn ass bekannt dass chronesch Longeproblemer méi heefeg optrieden an och e Longenemphysém. Dat schéngt sech zwar op déi als Spray agesaten Produiten ze begrenzen, mä ëmmerhin.

08-12-2021 Gesondheetstipp - Marc Keipes - Botzmettel - Longeproblemer

d'Feststellung ass gemaach, elo siche mer nach no den Ursaachen vun de Problemer mat der Gesondheet, déi opdauche kënnen.

En Deel kënnt duerch de Parfum deen bäigemëscht gëtt, mä en Deel kënnt och duerch eng Substanz déi "Paradichloroben" heescht, an déi schéngt och net nëmmen d'Longen unzegräifen mä och op den Häerzkreeslaf ze wierken. Eise Rot. Botzt also mat Produiten déi der net sprayt an dann lëft gutt duerno, nom botzen, an iwwerdreift et net mat de Raumerfrischer.

08-12-2021 Gesondheetstipp - Marc Keipes - Botzmëttel - Gesondheetsproblemer