E Geschäftsmann an Eisebunn-Fan aus England huet ronn 250.000 Pond ausginn, fir di gréisste Modelleisebunn vu Groussbritannien ze bauen. Seng Frëndin sollt dovun awer besser näischt wëssen. Sollt...

08/12/2021 Männer an hir Hobbyen

Virun 8 Joer huet en 53 Joer alen Englänner, de Simon George, seng Parten un enger Firma verkaaft, a sech mat deem Geld eng al Mille gelount. Senger deemools neier Frëndin hat en gezielt, hien wéilt dora Wäin stockéieren a verkafen.

A Wierklechkeet huet de Simon sech awer e Jugenddram erfëllt. Hien huet déi Zuchstreck nogebaut, laanscht déi en an den 80er Joren opgewuess war am Yorkshire. Unhand vu 500 Fotoen aus der Zäit huet en eng 61 Meter laang Rekonstruktioun modelléiert, mat allen Detailer a Finessen.

No ronn 6 Méint war d'Frëndin eng Kéier an de Keller vun der Mille gaangen, a war erstaunt dass do guer kee Wäin géing leien. Dunn huet de Simon d'Wouerecht mussen soen. "Ech hat dir deemools gesot ech wier Wäinhändler. Dat war gelunn. Ech hat geduecht Wäinhändler wier méi sexy wéi Modellbauer."

De Mann hat gefaart, dass säin Hobby senger neier Frëndin, sou wéi villen anere Fraen och, net géing gefalen. Si sot: "Ok...", huet sech d'Eisebunn dunn awer ugekuckt, an dank hirem Ofschloss an der Konscht erkannt, dass hire Mann e richteg gudde Modellbauer ass.

Säi Projet ass esou gutt, dass des warscheinlech gréisste Modelleisebunn vu Groussbritannien de Moment am Yorkshire ausgestallt ass, an, Happy End, di 2 sinn entretemps verloobt a plangen hir Hochzäit. Ob se dann och mam Zuch an d'Flitterwochen fuere wäerten, ass net iwwerliwwert.

Kuckt Iech hei dem George seng riseg Modelleisebunn un: