Wann de Bugs Bunny a seng Kolleege Basket spillen, ass en NBA-Star net all ze wäit aus de Féiss.

Wien erënnert sech net un de Michael Jordan wéi hien am Film Space Jam zesumme mat de Looney Tunes géint déi "Béis" Basket spillt. Dëst Joer ass d'Suite vu Space Jam an d'Kinoe komm Space Jam: A New Legacy. Vu datt den Air Jordan a senger wuelverdéngter Pensioun ass, muss dann dës Kéier de Le-Bron James kucke mat de Figuren aus dem Looney-Tunes-Universum eens ze ginn.

Ob se de Match gewannen, gesitt dir haut den Owend am Arca zu Bartreng. D'Tickete kaschten tëscht 3 a 6 Euro, et gëtt déi däitsch Versioun gewisen an et geet ëm 19:30 lass.