D'Aarbecht vum Veterinär, ass et jo net just ze kucken wann den Déierenpatient e Bobo huet, mä och emotional Ursaachen, d'Behuelen an Manéieren falen och zum Deel an säin Fachberäich, an an deem Kontext huet d'RTL Déierendoktesch Romi Roth et haut mat engem net alldeeglechen Problem ze dinn.

Schonn als Bouf hätt hien en Husky gehat, a mat deem wonnerbaren Hond wier ni e Problem gewiescht. De jonken Husky-Ritt Blue, deen hien sech virun e puer Méint zougeluecht hat, hätt awer keng Gutt an der Kopp. Hien léich entweder vun Angscht ze zidderen an ënnert sech ze maachen, ënnert engem Bett oder géif Lächer an déi schwéier viischt Dier bäissen, fir nëmme fort ze kommen. Dowéinst hätt een de Mupp wuel oder iwwel missen mat enger Ketten un d´Heizung fest bannen. A well de Blue sech domat scho guer net offanne wollt, hat hien esou laang un deem Déngen gezunn bis d´Ketten eng déif bluddeg-eetreg Strumm u sengem Hals gemaach hat, wéinst där hien elo an d´Praxis bruecht gi war.

16-12-2021 Déierentipp - Romi Roth - De Blue - en Husky mat Problemer

Dem Neien Hondsgesetz no ass et jo och verbueden, en Hond un enger Ketten ze halen.

Den "Sibirian Husky", am Fong eng amerikanesch Hondsrass a nach e puer anerer wéi de grousse "Malamute" an och de "Samojedespitz" gi vun der däitscher Kynologin Gudrun Beckmann zu de Nordhonn gezielt. Nord- oder och nach Polarhonn wëlle Schlitter zéien a sinn am Fong näischt ëm eis schuckeleg zentral gehëtzten Haiser. Si brauchen all Dag op d´mannst 2 Stonnen Auslaf, soss gi se net frou a behuelen sech deemno. Well de Blue, wa säi Meeschter oft net do war, och wéi e Wollef d´Noperschaft zesumme gehuerelt hat, gouf eng Plainte gemaach. Nodeems säin Hals verheelt war, ass en dowéinst endlech mat engem Muppespadséierdëngscht zweemol den Dag mat duerch d'Bëscher geholl ginn.

16-12-2021 Deierentipp - Romi Roth - De Blue - d'Leisung vum Problem