D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall derbäi, wou et direkt e puer méiglech Erklärungen fir de Problem gëtt.
Mat senge fofzéng Joer war de butzeg Terriermix Berti soss nach fit wéi e jonke Spunt. Mä a leschter Zäit ass senge Leit elo awer opgefall dass de klenge Mippchen bal an engem Stéck geziddert huet.

Mat senge fofzéng Joer war de butzeg Terriermix Berti soss nach fit wéi e jonke Spunt. Mais a leschter Zäit ass  senge Leit elo awer opgefall dass de klenge Mippchen bal an engem Stéck geziddert huet. Am Ufank hat ee geduecht, et wier dat eekleg-kaalt, fiicht Wieder an d´Schold. Awer och e mockeleg gefidderten, neie Mäntelchen deen keen Reen duerchléisst huet dem Bopchen säin zidderen net opgehale. Zanter e puer Wochen huet hien och gedronk wéi e Lach an u sengem Fudder just nach gelepst. Wéi och bei de Leit kann esou e Muskelzidderen oder medezinesch-wëssenschaftlech, en Tremor, vill Ursaachen hunn. Bei e puer Hondsrassen a grad bei de meeschten, virun allem de klengen Terrier, wou d´ Ziichter schonn de feste Begrëff „Terrier-Shivering“ dervir hunn, kann ee liichten Zidderer esouguer ugebuer, also genetesch bedéngt sinn.

21-12-2021 Déierentipp Romi Roth - Gezidders bei klenge Muppen

Mais vill al Muppen, an net just där vun Terrier-Rassen,  zidderen dach och gär emol mat den hënneschte Patten?
 
Allerdéngs. Dat kënnt  well mam Alter d´Nervenbunnen, déi d´Muskelen och an der Rou an de Beweegungspausen a Basis-Spannung hale sollen, méi schwaach ginn an dat net méi richteg fäerdeg bréngen. Fir en änlecht Resultat mussen déi grouss Beenmuskelen sech dann ëmmer nees méi fest zesummenzéien, wat no baussen wéi Zidderen ausgesäit. Beim Bertchen, dee net just hannen mä um ganze Kierperchen geziddert huet wéi Espelaf, war d´Ursaach awer ee schrecklech fault Gebëss an zwee formidabel Abszesser u sengen Doftdrüsen. Wéi seng Salle à Manger a säin Dokes bis sanéiert waren a net méi an engem Stéck wéi gedoen hunn, war dem Berti säin Zidderen bis op e klenge Rescht um hënneschte Laf, ganz fort

21-12-2021 Déierentipp Romi Roth - Gezidders bei klengen Honn - Opléisung