Den Ënnerscheed tëscht klenge Kanner an Hausdéieren ass mat Momenter net sou grouss. Et muss een ëmmer en A op se hunn fir dass se näischt maachen wat se net sollen oder eng stëbsen. Gewollt oder net gewollt ass nach dohin gestallt. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth kennt de konkrete Problem an huet och d'Léisung mat derbäi.

30/12/2021 Déierentipp: E Kabeldrama mat Mierschwéngercher

Op en Hoer hätt et fir d´Meeschtesch vum Hanni a Nanni gelaut gehat. an et wier fir si de leschte Chrëschtdag gewiescht. Am Wanter, wann et fir déi zwee Angora-Mierschwéngercher am Gaart ze frësch gëtt, hëlt si d´Déiercher an d´Haus a léisst se all Dag e bëssen duerch d´Stuff bëselen. Wéi se no en etlechen elektresche Kabelen och d´Leitung vum Akku vum Laptop fir t´éischt ugeknabbert an dunn och nach carrement duerchgebass haten, goung et der jonker Fra duer. Alles gouf ënner Verbotz geluecht an d´Steckeren esou héich versat, dass d´Schwéngercher net méi dru koumen.

30-12-2021 Déierentipp: Romi Roth - E Kabeldrama mat Mierschwéngercher

Firwat maachen d´Mierschwéngercher dat dann iwwerhaapt, dass si un d´Kabelen ginn

Mierschwéngercher -iwwregens och Kanéngercher -sinn geckeg mam Geroch a mam fir si séisse Goût vun elektreschen Isoléierungen. Natierlech och mat där vun de Chrëschtbamliichtercher, déi  hier Cheffin komplett vergiess hat ze sécheren: déi waren am leschte Stecker, deen am ganzen Haus net eropgeluecht gi war. Déi zwee Knabblerten hu sech regaléiert an d´Isolatiounsmaterial vum Kabel  an der Géigend vum Buedem ganz geknat. Wéi d´Madamm de Beemchen, dee mat Wuerzel an engem Dëppen stoung, genat huet, ass e bësse Waasser op d´plakegt Metall vun der Leitung gefall. Wéi si du grad do ugepaakt huet, fir d´Liichtercher unzemaachen, huet et gepätscht. De Schlag, dee si erwëscht hat, war awer esou liicht, dass si eenzock an der éischter Roserei dunn awer emol LED-Käerzen ouni Kabel konnt akafe goen.

30-12-2021 Deierentipp: Romi Roth - E Kabeldrama - Léisung