Se loosse sech super fir ënnerwee apaken, si säfteg a séiss a richen dobäi och nach immens gutt: Mandarinne sinn e beléifte Wanteruebst a gi virun allem viru Chrëschtdag gäre giess. Zu Recht, well dës Zitrusfruucht ass eng richteg Bomm voller Närstoffer!

30/12/2021 Mandarinne si gesond

Se stieche voller Vitaminnen déi eis hëllefe fit ze bleiwen a gesond duerch de Wanter ze kommen. Net fir näischt huet och de Kleeschen der ëmmer genuch a sengem Sak. Ma net nëmmen dat. Duerch déi grouss Quantitéit u Vitaminn C suergt se och fir e stralenden Teint.

Dass déi orange Fruucht besser fir de Regime ass wéi déi beléifte Kichelcher ëm Chrëschtdag, brauch ee jo kaum nach ze soen.
Mat nëmme 54 Kalorien op 100 Gramm, brauch ee kee schlecht Gewëssen ze hu wann een mol eng weider ësst. Wichteg ass et awer, an do maache vill Leit de Feeler, dass een déi wäiss Faseren ënnert der Schuel mat ësst. Doranner fënnt een nämlech Nobiletin, e Stoff deen d'Fettverbrennung an der Liewer ukuerbelt an och virun Arteriosklerose an aner Häerz-Kreeslafkrankheete schützt.

Nieft dem Vitaminn C fënnt een an der Mandarinn awer och vill aner nëtzlech Vitaminnen a Provitaminnen. Sou zum Beispill Vitaminn A dee gutt fir eis Aen ass, Vitaminn B sou wéi Betakarotin dee gutt fir gesond Zellen ass.

Sollt Dir dacks mat Muskelkrämp ze kämpfen hunn, da gräift zur Mandarinn! An hier stécht mat 150 Milligramm op 100 Gramm besonnesch vill Kalium, engem Mineralstoff dee wichteg fir d'Muskelen an d'Nerven ass.  Ma och e bëssi Kalzium ass dran. Dëse suergt fir gesond Schanken an Zänn a gëtt duerch d'Fruuchtsaier besonnesch gutt vum Kierper opgeholl.

Mandarinne sinn awer net nëmme fir eise Kierper mee och fir eise Geescht gutt: deen intensiven an erfrëschende Geroch kënnt vum äthereschen Ueleg deen an der Fruucht stécht a suergt direkt fir gutt Laun an Entspanung. 

Gräift deemno roueg mol méi dacks zu Mandarinnen, et schéngt sech ze lounen!