Opraumen a botze sinn elo net déi spannendst Aktivitéiten, déi ee sech ka virstellen, ma se kënnen en erhieflechen Deel zur Fitness vun engem Mënsch bäidroen. Engem däitschen Ernärungswëssenschaftler a Medezinjournalist no, heescht et, datt een eng gutt Partie Kalorie verbraucht, wann ee sech ëm säi Stot këmmert. De Jeff Rossler huet sech dat méi genee ugekuckt.

04012022 Kalorie verbrenne beim Stot maachen (Internet)

Et iergert een natierlech, wann en Hiem oder eng Blus verkniwwelt aus der Wäsch kënnt. Da misst ee e am Fong strecken. Opgepasst mat vollem Kierperasaz fir Falen aus dem Gezei ze kréien, verbrennt een 18 Kilokalorien an 10 Minutten. Dat sinn 108 Kilokalorie pro Stonn! Wann Dir alles, wat Dir ze strecken hutt op eng Kéier ewech streckt, dann kënnt dat op en Effort, wéi wann dir eng hallef Stonn Dëschtennis gespillt hätt. E bësse méi Kalorie verbrennt Dir beim Kachen, z.B. Saache schneiden, tripsen oder mixen, domadder géifen eng 120 Kilokalorie pro Stonn verbraucht ginn. Natierlech gëllt déi Reegel net, wann Dir just eppes an den Uewe stiecht a waart, datt et fäerdeg ass.

Opraumen bréngt nach eng Kéier richteg Beweegung an d'Spill. Saachen, déi um Buedem verdeelt leien, muss een ophiewen. Kleeder, déi een just iergendwou hi gepucht huet, sollt een an de Schaf raumen. Et béckt a streckt ee sech iwwerall hi fir un all Géigestänn ze kommen a se dann op déi richteg Plaz ze raumen. No enger Stonn wieren do eng 180 Kilokalorien verbrannt. Zwou Aktivitéiten deele sech souguer déi nämmlecht Unzuel vu verbrauchte Kalorien: Staubsaugen a Fënsterbotze kommen op 240 Kilokalorie pro Stonn. Bei de Fënstere muss ee sech nees uerdentlech strecke fir se ganz propper ze kréien. Beim Staubsauge brauch een all Muskel, wann een an all d'Ecker komme wëll an och de Staubsauger ëmmer mat sech weider duerch d'Wunneng schleeft. Domadder dreift Dir esou vill Sport, wéi eng Hallef Stonn Basketball spillen.

Déi meeschte Kalorie ginn awer net am Haus drop, mee am Gaart! Gruewen, plécken, planzen, Dünger erbäischleefen, no enger Stonn wieren eng 360 Kilokalorien drop gaangen. Dobäi ass een no enger Stonn dacks nach net fäerdeg. Sech uerdentlech ëm e Gaart ze këmmeren ass nach eng Kéier e ganz perséinleche Fitnessprogramm.

Och wann een eng Rei Kalorie verbraucht an dobäi säin Doheem propper hält: De Stot maachen ersetzt natierlech kee wierkleche Sport. Et kann een et awer als klenge Bonus gesinn.