Déi amerikanesch Medikamentenagence FDA huet dës Pëll schonn s den 22. Dezember zougelooss, dëst an Urgence-Fäll mat Risikopatienten vun 12 Joer un. Déi europäesch Medikamentenagence EMA huet an Europa nach net hire Go ginn, mä ënnerstëtzt den Asaz och bei Urgencen.

04/01/2022 Dat neit Medikament géint Corona: Paxlovid
RTL

Den Infektiolog vun den Hopitaux Robert Schuman, den Dokter Gerard Schockmel erkläert, wat et mat Paxlovid op sech huet.

04/01/2021 Dokter Gerard Schockmel Paxlovid 1

Dat Medikament vu Pfizer, Paxlovid ass wierklech e ganzt wichtegt Medikament, fir d'éischt huet et de Virdeel, et brauch een net an d'Spidol. Et sinn Tabletten, déi kann een doheem anhuelen. Wat natierlech genee esou wichteg ass, ass den Timing, dat heescht wann ee Symptomer huet an et kann een e positiven Test noweisen, datt Dir da bei den Dokter gitt an eng Prescriptioun kritt an datt een idealerweis bannent 5 Deeg nodeem d'Symptomer komm sinn, een domadder ugefaangen huet.

Eng 20.000 Dose huet Lëtzebuerg bestallt, heescht et vum Gesondheetsministère, déi dann iwwert d'Joer verdeelt sollen ukommen.

04/01/2021 Dokter Gerard Schockmel Paxlovid 2

Mir wäerten och Ufanks net genuch där Pëllen hunn, dat heescht do muss eng Selektioun gemaach gi wéi grouss de Risiko am individuelle Fall ass. Da muss och gekuckt gi bei dësem Medikament, heiansdo kann een dat net mat anere Medikamenter kombinéieren an datt een datt wärend 5 Deeg dës muss ofsetzen.

D'Resultater, déi bis elo virleie, wieren immens gutt.

04/01/2021 Dokter Gerard Schockmel Paxlovid 3

D'Wierksamkeet bis elo an den Studien ass formidabel, wann een dat Medikament mat Zäiten hëlt, da konnt nogewise ginn, datt bis zu 88 Prozent manner Komplikatiounen, Stierffäll an Hospitalisatioune sinn, an dat ass zimmlech impressionant. E ass e Medikament, wat mir kennen, et ass eng Kombinatioun vun 2 Medikamenter. Muss een awer elo kucken, wann een dat elo nach just eleng gëtt, ob awer net mat der Zäit Resistenze kommen.
 

De grousse Virdeel vu Paxlovid, dës Pëll kann doheem ageholl ginn, par rapport zum Medikament och géint Corona, de Remdesivir, deen ee mam Baxter kritt, also am Spidol.

04/01/2021 Dokter Gerard Schockmel Paxlovid 4

Deen ass och nees aktuell, wann een dee fréizäiteg hëlt, ass e genee esou gutt. Probleem eben déi 3 Deeg Infusioun.
 
Ganz kloer ze ënnersträiche wier, Paxlovid wier keen Ersatz fir Impfungen. An et soll een och wëssen, datt dëst Medikament u manner Mënsche getest gouf wéi d'Corona-Vaccinen.