Wéi an all Déierenpraxis zerwéiert d'RTL Déierendoktesch Romi Roth och bei eis um Radio een Fall nom aneren a versicht dobäi alles sou liicht verständlech auszedrécken dass och de Laien an Zukunft matschwätze kann, wann iergend eppes Anormales bei sengem Déierchen passéiert. An dësem Fall si mer bei engem Mupp, an deen huet Problemer mat den Aen.

Wéi de Fatzert, e léiwe klengen Terriermix, an d´Praxis koum, huet hien scho net méi zu den Aen eraus gesinn. Seng iewescht an ënnescht Aelidder ware ganz verkuuscht a geschwollen, hien huet e bëssen ausgesinn wéi ee Muppe-Mister-Magoo. D´Situatioun hat sech  lues a lues zougespëtzt. Am Ufank huet dee klenge Ritt sech just emol gekraazt wann doheem Miwwelspray oder Teppechschaum am Gebrauch waren. No e puer Stonnen war de Bass dann ëmmer fort. An der Lescht a nodeems seng Meeschtesch hien wéinst engem schwéieren Accident net méi mat spadséieren huele konnt, war hien elo awer och méi nervös a vu sengem Misär guer net méi ofgelenkt.

04-01-2022 Déierentipp - Romi Roth - Blepharitis

Mais wouwéinst huet hien sech dann esou misse krazen? Hat hien eng Allergie?

Meeschtens  kommen esou  Entzündungen, déi och nach "Blepharitis" heeschen, éischter vun engem sou genannten „Dréchenen A“ Wéi mir awer beim Fatzert mat engem Schirmer Test fonnt hunn, bei deem mat engem graduéierte Filterpabeierchen d´Tréineflëssegkeet gemooss gëtt, hat de Männchen domadder keen Problem. An nodeems seng Bluttanalys op d´Schilddrüsen- an d´Niewenierefunktioun och gewisen huet, dass déi zwee Systemer beim Fatzert ze liddreg waren, louch et no, och bei sengem Probleem ronderëm d'Aen éischter un Allergie ze denken.Doheem huet hien sech guer näischt maache gelooss! Dofir huet hien misse -fir véiermol den Dag seng Aendrëpsen ze kréien -fir zéng Deeg hospitaliséiert ginn. Mais well d´Aelidder och weider hu missen e bëssen masséiert a propper gemaach ginn, hu seng Leit vun der Praxisassistentin dunn e klenge Cours an där Matière kritt.

04-01-2022 Déierentipp - Romi Roth Behandlung vu Blepharitis