De Kaddosbong gehéiert scho sou vill ënnert de Chrëschtbeemchen wéi de Glühwäin op de Chrëschtmaart. Ma wéi laang sinn esou Bongen iwwerhaapt gülteg? Respektiv wéi laang musse se gülteg sinn? Do ginn d'Meenungen auserneen.

04/01/2022 Fro un den Affekot: Wéi laang kann ee Geschenkbongen aléisen?

Den Affekot Jean-Jacques Schonckert erkläert wat et mat der legaler Basis bei Geschenkbongen op sech huet.
De Prinzip ass jo einfach, et ginn an d'Geschäft an ech si jo deen, deen de Kaddo mécht, ech ginn dem Commerçant Suen, déi vertrauen ech him un an da besteet am Fong e Kontrakt. Mä et steet am Fong néierens do, wéi laang deen, déi Suen dierf hale bis en se am Fong duerch e Kaddo muss erausginn. Dofir huet de Konsumenteschutz mat de Commerçante sech zesumme gedoen, och mat der Horesca fir ze kucken, ënnert dem Ministère vun der Protection des consommateurs fir do eng Charte ''Chéque cadeau'' auszeschaffen. An do ass eng Durée vun 2 Joer recommandéiert, et kann och driwwer sinn. Ënnen drënner geet net.

Wann een de Bong awer no laanger Zäit nees erëmfënnt, wat dann? De Bong awer nach aléisen?
Am Prinzip schonn, dat ass d'Kulanz vum Commerçant, mä bei 2 Joer do kann ee schonn emol e Kaddo aléisen.

Dat wier keng gutt Reklamm fir de Commerçant, wann e sech do géif queesch stellen. Wat ass da, wann ech zum Beispill e Bong vu 400 Euro hätt, an ech kafe méi deier an?
E Bong vu 400 Euro an de Produit kascht 500 Euro, da muss ech natierlech déi 100 Euro bäileeën. Da ginn et natierlech déi Oberschlau, déi mengen, datt si déi 400 Euro kënne Cash encaisséieren, do kann de Commerçant awer soen, domadder sinn ech net averstanen a seet, Dir musst eppes huelen. Wann de Präis drënner ass, da kann ee soen, ech ginn der d'Suen erëm, muss awer net. Et kann een dann och en anere Chèque kréien, fir déi selwecht Valeur vun der Differenz.

Wéi ass et mat de Këschten? Wann ech eppes ëmtauschen? Muss een do d'Këschten halen?
Do si bei den Urban Legends, dat muss een nämlech net. Ausser bei de Saachen, déi een iwwert den Internet bestellt, do huet een eng 15 Deeg Rückgabe-Recht, do kann de Commerçant mol soen, do muss d'Këscht och mat derbäi sinn. Mä all bei den anere Produiten net. Och wann de Commcerçant dat géif exigéieren, do soen d'Geriichter, dat ass eng Clause abusive, déi zielt net. Et geet jo net ëm de Contenant, de Pak, mä ëm de Contenu, also ëm den Inhalt.

Also wat där Urban Legend hätte mir elo mol Schluss gemaach.