De 4. Oktober 2021 ass Windows 11 erauskomm, an zanterhier proposéieren d'Computer op deene Windows 10 installéiert ass, een Update op déi nei Versioun ze maachen. Mä och wa Windows dat proposéiert, heescht dat nach laang net, datt och all Computer fir fir Windows 11 ass. Soll een also wierklech elo schonn een Update maachen?

05/01/2022 Windows 11: Updaten oder net?

Neen! Windows 10 krittt nach bis Oktober 2025 Updaten, och a punkto Sécherheet. Et ass also net néideg, elo schonn op Windows 11 erop ze goen, virun allem wann een nach méi een ale Computer huet, well deen doduerch riskéiert méi lues ze ginn, a verschidde Programmer, déi net vu Microsoft sinn, dorop villäicht guer net méi lafen.

Windows 10 kontrolléiert selwer, ob de Computer déi technesch Viraussetzunge fir Windows 11 erfëllt, a léist sech net ouni Weideres installéieren, wann dat net de Fall ass. Wann d'Viraussetzungen awer do sinn, da geet deen Update ganz einfach. Einfach mat "Jo" op d'Fro äntweren, dann installéiert sech Windows 11, de Computer start nei an duerno ass Windows 11 um Computer drop. Den Update vu Windows 10 op Windows 11 ass gratis.

WICHTEG: Virdrun ee Backup vun den eegenen Donnéeë maachen, net datt déi, am Fall wou awer eppes schif geet, verluer ginn. Dat sollt een awer souwisou reegelméisseg maachen.

An da soll een déi éischt 10 Deeg all d'Programmer déi een um Computer huet ausprobéieren, ob déi och mat Windows 11 ginn. Et ka sinn, datt verschidde Programmer (nach) net kompatibel mat Windows 11 sinn, bis et och eng nei Versioun dovu gëtt. Dat kënne Spiller sinn, dat kënnen awer och aner Apparater sinn, déi un de Computer ugeschloss ginn, a mat engem eegene Programm ugesteiert ginn, zum Beispill eng Webcam, een Navi dee sech net méi géif update loossen, eng Bitzmaschinn, asw.

Sollt dat de Fall sinn, kann een an deenen éischten 10 Deeg nees hannescht op deen "ale" Windows goen, duerno hat ee Pech, an d'Programmer funktionéieren eben net méi, bis et een Update vun Hiersteller gëtt.

Vun de Funktiounen hir ännert sech näischt, et bleift ëmmer nach Windows, mat der Maus beweegt ee sech um Schierm (ausser et huet een en Touchscreen), an et mécht ee seng Programmer op. Wat ännert ass virun allem optesch. Windows gesäit méi modern an opgeraumt ass, an erënnert ferm u MacOS.

Ausserdeem, an dat ass de Grond firwat deen neie Windows net einfach esou op all PC leeft, soll e méi sécher sinn. Well Windows erwaart sech ee rezenten TPM, een "Trusted Plattform Module", wat ee klengen Chip ass, deen am Computer verbaut ass, an dee verhënnere soll, datt de Computer scho beim Starte ka manipuléiert ginn, an ee Virus sech verbreede kann. Deen Chip ass awer eréischt a méi neie PCe verbaut. All PC deen zanter 2018 erauskomm ass, soll deen Chip verbaut hunn, dat ass awer net ëmmer de Fall.

Et kann ee, wann ee weess wat ee mécht, Windows 11 zwar och ouni TPM installéieren, mä et ass ganz gutt méiglech, datt Windows da bei engem nächsten Update net méi funktionéiert, wa Microsoft déi Méiglechkeet ausschalt. Et kann awer och sinn, datt déi Funktioun ausgeschalt gëtt, wann 2025 nach ze vill Windows 10 Computer an Ëmlaf sinn, wann de Support dovun ausleeft, a Microsoft dann iwwert dee Wee d'Leit wëll op hiren neie Windows kréien.

Deen neie Windows ass also virun allem méi modern. Wien de Computer awer just benotzt fir um Internet ze surfen, mol ee Mail ze schreiwen oder ee Bréif, dee brauch Windows 11 net, ausser déi optesch Changementer sinn engem wichteg. Den Ament ass deen neie Windows virun allem fir Entwéckler wichteg, déi nei Programmer schreiwen, fir déi och kënnen an deem neien Ëmfeld ze testen.

Wa Windows 10 also no engem Update op Windows 11 freet, kënnt Dir do berouegt "Neen" soen. Bei all anerem Update awer weider op "Jo" klicken, well nëmmen esou bleift Windows aktuell an eenegermoosse sécher.