Zur Erklärung: Ass ee kuerzsiichteg, da gesäit een no gutt, ma wat wäit ewech ass, éischter verschwommen an onschaarf. Ass ee wäitsiichteg, dann huet ee Probleemer wat no ass, kloer ze gesinn, da kënnt de Liesbrëll, ënnert anerem. Mä et gesäit et wäit besser.

06/01/2022 Kuerzsiichtegkeet a Corona-Zäiten

Wäitsiichteg sinn déi meescht vun eis. Mä duerch d'Pandemie wier d'Kuerzsiichtegkeet awer am Umarsch, virun allem bei de Kanner. Dat seet och den Optiker Luc Nothum.
Mir mierken dat och bei de Kanner, déi sti moies op an dat éischt wat se maachen ass den Handy huelen an da geet dat bis owes. An dat ass sécher net gutt fir hir Aen.

Virun allem eis Aen leiden dorënner well se déi ganzen Zäit mussen accommodéieren. Den Dr Marc Theischen:
Dat ass e Muskel, dee muss sech déi ganzen Zäiten uspanen. Dat ass eisen Autofokus, dee muss déi ganzen Zäiten op No agestallt bleiwen. Dat mécht natierlech midd a kann dozou féieren, datt d'Ae brennen an ee Kappwéi kritt. Ausserdeem ass et esou, datt een, wann een déi ganzen Zäiten no kuckt, ee manner blënzelt, doduerch ginn d'Aen och méi dréchen, well den Tréinefilm net méi gläichméisseg iwwert d'A verdeelt gëtt, wéi beim Blënzelen an dat féiert och zum Brennen vun den Aen.

Etüden aus Asien weisen, datt bei Kanner an Teenager eng méi schlecht Vue observéiert gouf, an dat se kuerzsiichteg ginn, also net méi wäit kloer gesinn. Dat well sech hiert A op déi no Distanz astellt an een net motivéiert ass fir nees wäit ze kucken. Nach méi schlecht wier dat alles bei schlechtem Liicht. Do wier et esouguer egal ob een elo e Buch liest oder op säin Handy kuckt, nach emol Dr Theischen.
Dat ass awer e Phenomen, deen nëmmen an der Jugend eng Roll spillt, no 20 Joer spillt dat keng Roll méi. Wa mir dann elo de ganzen Dag virum Computer sëtzen, da betrëfft déi Zounam vun der Kuerzsiichtegkeet elo net déi Erwuessen oder eeler Leit, mä déi Jonk. Do kann ee awer entgéint wierken, do ginn et verschidden Usätz, zum Beispill mat staark verdënnten Atropinsdrëpsen.

Oder et geet een nees méi dacks eraus. A Südkorea gouf do schonn s reagéiert an d'Schoulkanner gi fir de Sport méi dacks eraus an d'natierlecht Liicht geschéckt. Etüde schwätzen do vun op mannst zwou Stonnen am Fräien fir ze verhënneren dass d'Kuerzsiichtegkeet bei deene Jonken rapid zouhëlt. Dagesliicht wier immens wichteg fir d'Entwécklung vum A. An da soll een och d'Dauer mam Smartphone am A behalen.
Allerdéngs an Europa wier de Probleem awer net esou grouss wéi elo an Asien.