Se gi futti gemaach, fir dass mir méi sécher ginn: Crash Test Dummies. Wien elo denkt, datt wiere just e puer Mannequinen an oder virum Auto fir ze checke wat geschitt am Fall wou eppes geschitt, deen iert sech. Dohannert stécht eng Technologie, déi entretemps ëmmer méi realistesch gëtt, de Jeff Rossler weess méi.

10/01/2022 Méi mënschlech Crash Test Dummies (Internet)

Bei engem Accident ginn et eng Rei Saachen, déi ee blesséieren oder souguer ëmbrénge kënnen: Den Opprall, Aquëtschen a Schierbelen déi doruechter fléien, fir elo déi ze nennen. D'Dummien hunn eis Mënsche bis elo gehollef, déi Risiken ze miniméieren. Dat gëllt awer éischter bei Accidenter, bei deenen ee selwer am Auto sëtzt. E Foussgänger konnt ee bis elo nach net esou gutt duerstellen, esou de Frank Maas vum ACL.

Frank Maas: Dofir waren déi traditionell Dummies ze rigid gebaut. E Beispill wier, datt et bei engem bestëmmten Opprall tëscht engem Auto an engem Foussgänger ënner reellen Ëmstänn zu engem gebrachene Been gefouert hätt. Mat der aler Crash Test Dummy Generatioun wier et awer just zu Beschiedegungen um Auto komm, ouni déi reell Verletzungen un der Persoun kënnen ze bestëmmen.

Wann een e Mënsch richteg duerstelle wëll, muss en alt net just vu baussen esou ausgesinn. Et zielt och wat bannen dran ass.

Frank Maas: Bei der neister Generatioun vun Dummies ginn d'Gelenker an d'Schanken aus Material hiergestallt, dat vergläichbar mat der Festegkeet wéi bei engem Mënsch ass. Esou gëtt och mat speziellem Silikon d'Organer, d'Muskelen an de Fett nogestallt, fir ënnerlech Verletzungen esou gutt wéi méiglech an der Zukunft ze verhënneren. Zousätzlech gëtt d'Haut duerch e Latex nogestallt. Esou kann een dann och Blessuren, déi duerch Glasspläiter entstinn analyséieren. De weidere Virdeel vun dësen Dummies ass, dass se oprecht stoe kënnen, wat eng weider Konditioun fir Crash Tester mat Passanten ass.

Eng Verännerung un den Dummies bedeit dann, datt och un den Autoe geschrauft gëtt. Et gëtt da probéiert, dass Accidenter an Zukunft manner schro solle ginn.

Frank Maas: Esou kann een z.B. duerch eng ugepasste Front Partie verhënneren, dass liewenswichteg Organer bei engem Opprall verletzt ginn. Et muss een awer och soen, dass bei Standard Crash Tester weider konventionell Dummies och verwennt ginn. De Grond heivir ass, dass dës mat enger opwänneger, integréierter Moosstechnik ausgerüst sinn an d'Auswäertung vun de Resultater beim Opprall am Auto da méi prezis gëtt.

Déi konventionell Dummie sinn op Dauer och schonn erëm verbessert ginn an dat erkennt ee schonn um Präis: An der Generatioun virdrun huet en Dummy nach ëm déi 150.000 Euro kascht. Déi aktuell Modeller leie mëttlerweil bei 900.000 Euro.