Kachen, Konscht an e bësschen Autosport, dat war de Mix vum LIVE! planet people gëschter. Beim Olivier Catani op Besuch d'Museker Elena Spautz a Jérôme Klein, an de Kach René Kertz.

15/01/2022 Live Planet People
RTL

d'Elena Spautz sicht ëmmer nees de Wee op d'Bün. Op am Theater oder mat hirem neien Indie-Pop Duo "Arún". "Medea", "d'Wiederhexen" oder "d'Escher Melusinnen" waren just e puer Produktiounen an deenen een d'Elena gesi konnt, nieft 4 Filmer wou si bis elo matgespillt huet. "Arún" ass een Indie-Pop-Duo. No der éischter Single "Take me away" ass fir ganz geschwënn e neien Videoclip geplangt.

15-01-2022 LIVE! Elena Spautz
RTL

Fir de René Kertz ass kachen eng Leidenschaft. Am Buch "Lëtzebuerger Kascht modern opgedëscht" kann een sech dovunner iwwerzeegen, genee wéi op Facebook. Nieft engem klengen Ofstiecher an dem Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltexpo, wou hien mam Kim De Dood Fueskichelcher gemaach huet, dreift hien sech elo um Dubai Autodrome erëm, wou hien wéi déi Joren virdrun den Duwo Racing Team bekacht a wou och den Dylan Pereira vu sengem Talent profitéiere kann.

15-01-2022 LIVE! René Kertz
RTL
RTL

De Multi-Instrumentalist Jérôme Klein passt a keen Tirang an ënnerstëtzt d'Lëtzebuerger Musekszeene. Bekannt vun Formatiounen wéi Mad Fox, Claire Parsons, Jackie Moontan, Dillendub, Napoleon Gold a Them Lights. 2 Joer no enger éischter EP, an Touren duerch d'ganz Welt op renomméierten Festivallen wéi zu Montreux an dem Ottawa Jazz Fest, presentéiert hien säin éischten Solo-Album "SONDER". Déi éischt Single heescht "Episode"

15-01-2022 LIVE! Jérôme Klein
RTL