De Reinhard Kleist ass een Auteur, dee schonn eng sëllege Biographien am Graphic Novel Format realiséiert huet. Dorënner schonn zwou iwwert Museker, den Johnny Ca"sh an den Nick Cave. Am November ass säin neits Buch erauskomm. Dat heescht Starman an erzielt d'Liewenseschicht vum David Bowie, mam Schwéierpunkt op seng Ziggy Stardust Phase.

08/01/2022 Starman - Eng BD iwwert dem David Bowie säi Liewen

Reinhard Kleist: "Ich hatte die Idee schon lange, um etwas über Bowie zu machen. Das lief dann auch wirklich so klassisch, dass ich eine Grundidee hatte, die ich da verfolgen wollte, und dann die Biografie von Bowie darauf angepasst habe. Dabei habe ich gemerkt, dass ganz viele Dinge eine Rolle spielen, die gerade wahnsinnig aktuell sind. Alleine die Geschichte die er eigentlich auf dem Album "Ziggy Stardust" erzählt, die hat so viel zu tun mit der Situation wo wir gerade heute stehen. Und das versuche ich dann auch alles da mit rein zu bringen."

Starman ass eng Biographie op dräi NIveauen: Dem Bowie seng Jugend gëtt am Schwaarz-Wäiss erzielt, mat ganz knallege Faarwen geet et dann an d'Ziggy Stardust Zäit, a grad esou faarweg sinn och d'Illustratioune vun de Lidder vun deem Album. Ee bewosste Choix, fir sech just op een Deel vum Bowie sengem Liewen, senger Karriär ze konzentréieren.

Reinhard Kleist: "Da nehme ich mir nur zwei Teile von seinem Leben vor, und da kuckt man dann, wie man das erzählt, und gleichzeitig seine Vision von dem was hinter seiner Lebensgeschichte steht noch mit reinzubringen."

"Starman" bleift awer net dem Kleist seng eenzeg Aarbecht iwwert den David Bowie, den Ament schafft hie schonn un enger Suite, déi "Low - David Bowie‘s Berlin Years" heescht, a wou et ëm seng Zäit an den USA geet, wou hien duerch Drogenexzesser bal dropgaangen ass, an dunn zu Berlin nees zou sech fonnt huet. Un deem Buch ass hien awer grad eréischt amgaangen ze schreiwen, esou datt et nach e bësschen dauert bis et erauskënnt. "Starman" ass Enn November beim Carlsen Verlag erauskomm.