An engem vu senge leschte Stécker behandelt en eemol méi déi naiv Medezinnglewegkeet vun deene räiche Kranken, a virun allem d'Inkompetenz vun Dokteren, déi kengerlee Selbstzweiwel hunn, an ënner deenen de Molière - deem seng Gesondheet net déi bescht war-, och heefeg gelidden huet. Seng lescht Roll war déi vun engem echte Kranken. Bei der véierter Opféierung am Februar 1673 brécht en zesummen a stierft kuerz Zäit drop. Bis zu sengem Dout hat de Molière 30 Theaterstécker geschriwwen, inzenéiert, an och doranner meeschtens d'Haaptroll gespillt, Michèle Schons?

15/01/2022 400 Joer Molière

Mam biergerlechen Numm huet e Jean-Baptiste Poquelin geheescht, an e gëllt als ee vun de gréissten Dramatiker vun der franséischer Klassik. En huet Komedie bis haut wéi keen anere markéiert. Änlech wéi beim Shakespeare si keng Manuskripter, Bréiwer oder Journalle vun him erhalen. Och grouss Deeler vu senger Biografie si mat Fragezeechen versinn. Opfälleg ass op allefalls dass d'Liewe vum Molière, deem seng Komedien e groussaartege Kaleidoskop un Humor duerstellen, mat vill manner Freed a Laache gefëllt war.
Dat stoung nämlech vun Ufank un am Zeeche vun haarder Aarbecht. Wéi en den 13. Januar 1622 nach ënnert dem Louis XIII zu Paräis op d'Welt koum, haten seng Elteren, Jean-Baptist a Marie Poquelin mat hirem klenge Jong grouss Pläng. Wéi säi Papp sollt och hien an de kinneklechen Déngscht trieden, als Tapissier du Roi. Ma Tapéiten an Teppecher, Faarf a Woll hunn de Jean Baptist Junior net interesséiert, genee esou wéineg wéi den deiere Jurastudium, deen de Papp finanzéiert huet. De Molière huet der biergerlecher Welt de Réck zougedréit an huet sech em seng Komedie gekëmmert, fir genee mat deene Leit de Geck ze maachen.

De Wee op d'Bün preparéiert em déi theaterbegeeschtert Famille Béjart. mat der Duechter Madeleine grënnt en an de 1640er Joren zu Paräis den "Illustre Theatre", deen se zwar vill Schweess, Kraaft a Geld kascht, awer ëmsoss. Wéinst Scholde muss de Molière esouguer eng Zäit an de Prisong. Déi ganz reesen dono, Lyon, Toulouse, Avignon, Grenoble Rouen, Nîmes, Montpellier etc ass fir hien a seng Frënn keen Zockerschlecken.

1658 da gëtt d'Wanderbün vum Kinnek agelueden. Um Haff vum jonken Theater a Balletbegeeschterte Louis XIV soll e virspillen. Mat Succès. Kuerz drop dierf en sech mam Italienesche Schauspiller Scaramouche de Petit Bourbon Theater deelen, deen se e Joer drop ganz fir sech hunn. 

RTL

© afp

Scho wärend senge Reesen als Spillmann hat de Molière ugefaangen Dramen vun aneren Auteuren ëmzeschreiwen fir e mat sengem Esprit unzeräicheren. Zu Paräis schafft en ab deem Zäitpunkt verstäerkt als Auteur a verfaasst all seng onvergiesslech Komedien, déi bis haut zum Standrepertoire vun de Bünen zielen. 

Den Duerchbroch ass em 1659 mat der Prosa Komedie "Les précieuses ridicules", eng Persiflage iwwer zwee naiv Meedercher an hir iwwerdriwwen Emanzipéierungsversich gegléckt. 

1664 bréngt en eng éischt Versioun vun der Vers-Komédie "Le Tartuffe" iwwert e frommen, awer herrschüchtegen a gurmangsegen Näischnotz eraus, dee fir vill Opreegung um Haff gesuergt huet. Ma obwuel de Sonnekinnek d'Stéck verbitt, huet en dem Molière seng Joerespensioun ëm 6000 Livres erhéicht an huet de Schauspiller zur kinneklecher Trupp ernannt. Nom Prosastéck "Don Juan", iwwert en adelegen Heiratsschwindler, dat och verbuede gëtt, huet en am Juni 1666 ee vu sengen berüümtsten an déifgrënnegste Stécker Première: "Le Misanthrope", eng Satire iwwert déi gespillte Frëndlechkeet, onéierlech Schmeechelei an de Paräisser Salonen an um Kinnekshaff.