En Hausdéier brauch net just vill Opmierksamkeet a Fleeg, et winnt ee sech och immens drun sou dass en bemol quasi zu engem treien Familljemember gëtt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall aus der Praxis erausgesicht, wou et bal ze spéit war fir eppes z'ënnerhuelen.

13/01/2022 Déierentipp: Häerzproblemer bei engem Dackel

Reegelméisseg ëm d´Geeschterstonn a bis géint dräi Auer reest d´Nelli, eng fofzéng Joer al Dackeldame, uechtert d´Haus an houscht dobäi wéi ee fault Schof. Well der Rei no all t´Nopeschhonn den Zwingerhouscht haten, gouf logescherweis gemengt, d´Nelli hätt déi Zort Gripp och erwëscht. Mais wéi den alen Mippchen dunn trotz de Medikamenter déi vun enger Zwingerhouscht-Behandlung  nach Rescht bliwwe waren, ëmmer méi schlecht gi war, huet seng Meeschtesch et awer emol an d´Praxis bruecht. Um Nelli senge Mandelen war guer näischt ze gesinn. An den Houscht, dee beim Zwingerhouscht duerch Drock op d´Strass ëmmer ausgeléist ka ginn, war och net ze provozéieren.

13-01-2022 Déierentipp - Romi Roth - Häerzproblemer

Dann hunn déi Medikamenter, d´Saach vläicht nach méi schlëmm gemaach, well vill Zäit verluer gaangen ass fir dem Nelli säin wierkleche Problem ze erkennen an ze behandelen?

Schonn bei der Auskulatatioun vu sengem Broschtkuerf war schwéier Häerz- a Longegeräischer ze héieren. Mat der Röntgen- an Ultraschallënnersichung an engem EKG gouf och kloer firwat. Den Dackelchen hat zanter laangem schonn eng Häerzklappeschwächt, déi seng Leit net behandele wollten. D'Häerzklappen sinn Réckschlagventiler, déi d'Blutt just an eng Richtung duerchloossen. Wa se net méi richteg zoumaachen, gëtt d'Häerz ëmmer méi voll a kann d'Blutt vun der Long an am Endstadium och aus dem Kierper nët méi weider pompelen. Fir d'éischt kënnt da Waasser op d'Longen, duerno kritt esou en Déier dann och en Aszites, e Waasserbauch. Beim Nelli war et nach net esou wäit. Hatt huet awer hellewech missen mat enger Kombinatioun aus Entwässerungsmedikamenter an dem Häerzkreeslafmëttel Pimobendan behandelt ginn.

13-01-2022 Déierentipp - Romi Roth - Häerzproblemer