Deen däitsche Magazin "Spiegel" feiert dëst Joer säi 75te Gebuertsdag. De 4. Januar 1947 koum déi éischt Editioun eraus, zanterhier goufe vill Skandaler opgedeckt an och de "Spiegel" selwer ass dovunner net verschount bliwwen.

14/01/2022 75 Joer "Der Spiegel"

E Mann mat engem Hutt an der Hand, dorënner den Titel "Mit dem Hut in der Hand – Wird man ein befreites Land." Dat fënnt een op der Titelsäit vum alleréischten "Spiegel".

"Sagen, was ist." Dat war de Motto vum Spiegel-Grënner Rudolf Augstein, deen dee Sproch a grousse Buschtawen zu Hamburg op d'Maueren vum Verlagshaus geschriwwen huet. Et sollt e Journalismus entstoen, bei deem Skandaler opgedeckt ginn - investigative Journalismus.

Affären goufen et der beim "Spiegel" selwer awer och. Déi sougenannt "Spiegel-Affäre" huet am Joer 1962 an der Bundesrepublik Däitschland héich Wellen geschloen, soudass de Rudolf Augstein huet missen an Untersuchungshaft. Ënnert der Schlagzeil "Bedingt abwehrbereit" hat d'Redaktioun déi deemoleg Rüstungspolitik vun der Bundesregierung kritiséiert an intern Informatiounen vun der Bundeswehr erausginn. De Stad huet wéinst "Landesverrat" enquêtéiert an e Redakter, grad wéi och den Editeur selwer fir 103 Deeg an Untersuchungshaft gesat. Eng aner Konsequenz war de Récktrëtt vum Defense-Minister Franz Josef Strauss. A vill Pub fir de "Spiegel."

Am Joer 1962 sinn d'Leit souguer op d'Strooss gaangen ënnert dem Motto "Spiegel tot, Freiheit tot".

Virun 3 Joer war de "Spiegel" nees selwer an de Schlagzeilen. D'Affär ronderëm hire Journalist Claas Relotius huet um Vertrauen vun der Zeitung geknat. Dem Relotius seng Spiegel-Texter an Interviewen waren nämlech zum gréissten Deel erfonnt, also wäit fort vu Qualitéits-Journalismus. Déi Responsabel sinn sech haut nach bewosst, dass se sech mat deem Skandal nach laang mussen auserneen setzen.

RTL

© afp

An och haut gi Skandaler duerch de "Spiegel" opgedeckt wéi beispillsweis d'Masken-Deals vun der Union.

An de leschten 20 Joer ass d'Vente vun der Zeitung erofgaangen. Rezent ass déi Zuel nees an d'Luucht gaangen, läit aktuell bei 700.000 Exemplairen. Et wéilt ee méi multimedial ginn heescht et vun Hamburg aus. Also d'Zeitung, kombinéiert mat der Internet-Presenz an Tëles-Emissioun "Spiegel TV".

De Chefredakter Steffen Klusmann betount, dass et nach ëmmer hir Aufgab wier, Oppositioun zu de Mächtegen ze sinn a Mëssstänn opzedecken.