Et ka jidderengem geschéien, an engem Supermarché oder an all anerem Buttek och. Et léisst een eppes falen oder et mécht een eppes futti: Eeër, eng Fläsch, eng Vas eng Tëlee. Wat geschitt an deem Fall? Wien kënnt fir de Schued op? A wat geschitt wann nach eng Persoun sech blesséiert oder blesséiert gëtt? Dat sinn d'Froen un den Affekot, de Jean-Jacques Schonckert.

13/01/2022 Fro den Affekot: Wat geschitt wann ech am Supermarché eppes briechen?

Also, sou maache wéi wa näischt geschitt wier a séier weidergoen, ass net d'Léisung, well Dir sidd haftbar, wann Dir eppes futti maacht, éier Dir et bezuelt hutt.
Dir gitt an de Supermarché oder Buttek, dir paakt eppes un a loosst et falen, da sidd Dir dofir haftbar. Dat ass de Prinzip: Casseur Payeur souwéi Pollueur Payeur. Et ass awer esou, datt d'Butteker engem entgéint kommen a maachen e Geste commercial. Ma et kann awer sinn, datt dëst, wat Dir an de Grapp huelt, esou héich louch, schlecht getesselt an dowéinst gefall ass, dann ass et net är Verantwortung.

Also de Buttek ka ganz kulant sinn a seet dann, allez hëpp et ass gutt. Wann dat awer net esou ass, wat dann?
Ma ech riskéieren dee Schued, deen entstanen ass, bewisene Schued, datt ech dee muss zréckbezuelen. Beispill: ech loossen eng Vase falen,

de Präis stoung jo drop, da muss ech dee Präis vun der Vase bezuelen. Wou et nach méi dramatesch gëtt, am Buttek selwer, wann ech duerch d'Kees sinn an ech loossen et da falen, da kréien ech guer näischt méi erëm.

Wann ech dann elo, Beispill Eeër am Buttek fale loossen an et rutscht een dorobber aus an et blesséiert ee sech?
Dir gitt jo an de Supermarché net fir Iech d'Been ze briechen, de Supermarché oder egal eng Gare oder soss wou, do kommt do ganz eran, da musst Dir och ganz eraus do kommen. Wann do eppes geschitt, dann ass dat a priori d'Verantwortung vum Supermarché, oder wou Dir soss sidd. Ausser et wier signaliséiert ginn, passt op do ass et rutscheg oder do läit eppes, dann ass et är eege Verantwortung an de Geschäftsmann ka soen, ech hat dech drop higewisen.

Beispill nach emol mat den Eeër, drop ausgerutscht; deen, deen d'Eeër fale gelooss huet, muss se bezuelen. An deen, dee sech d'Been derbäi brécht, do kënnt de Supermarché op. D'Eeër, éier ech an der Kees war, muss ech bezuelen, no der Kees an d'Eeër falen, da kënnt de Buttek guer net dofir op.