An elo huele mir iech mat op d’Musel, an den Hafe vu Mäertert u Bord vun der „Martcilino“.

Liewen a schaffen um Waasser op engem Gidder Schëff. Wat sinn dat fir Leit, a wéi gesäit deenen hiren Alldag aus. De Christian Schmit war do bei enger Famill op Besuch.

22/01/2022 Liewen a schaffen op engem Gidderschëff Deel 1(MAT USO)

D‘Martcilino, der Famill Girard hire ganze Stolz, ass 110 Meter laang, 10,5 Meter Breet, an huet Plaz fir 3 Tonne Gidder ze transportéieren. Mam Gilles Girard steet elo schonn di 9. Generatioun op der Kommando Bréck. Deen erënnert sech nach wéi de Bopi mam klengen Holz Boot mat enger Hand voll Wäi Fässer vu Nevers aus iwwer d’Loire getuckert ass.

Queesch duerch Europa ass een op de Flëss ënnerwee. Op Musel, Rhäin, oder Donau, et huet een eng Lizenz fir se alleguer. A séier héiert e bei eiser Renkonter eraus, dee kann sech keen anert Liewe virstellen?

RTL
RTL

Oui c'est mon lieu de travail, ma maison, mon métier, en fait c'est ma vie. Moi je ne peut pas vivre sans, si je quitte le fleuve, je peut quitter la terre. J'y vais un weekend, mais alors je suis pressé de revenir.

Liewen a schaffen op engem sengem Schëff, dat ass heiansdo och eng logistesch Erausfuerderung?

RTL

On doit faire les courses longtemps à l'avance car on sait jamais quand on va voir le prochain supermarché. Quand on est arrêté on peut être coincé par des crues ce qu'on a eu en été dernier. Arrêt de navigation et si on est bloqué au milieu de l'eau il faut prévoir cela à l'avance. On n'a pas un magasin tous les jours.

Bei eisem Besuch am Hafe vu Mäertert gi grad Pal Planche gelueden. Destinatioun ass Venlo an Holland. Fir deen Trajet sinn 3 Deeg ageplangt.

A wëll di ganz Nuecht heifir ageplangt ass, hu mir gutt Zäit eis et op Deck ze ënnerhalen.

RTL

Och wann een op engem Schëff lieft, esou kann ee nawell vill Fräizäit u Land verbréngen. Am Hafe kann den Auto mam Kran erofgeholl ginn, an esou d’Famill Girard och scho ganz vill vu Land a Leit uechtert Europa gesinn. Och de Grand-Duché.

J'ai vu 4 000 villes dans ma vie. Cela m'a jamais rien coûté, parce que le soir je dors chez moi à mon domicile.

An de kennt de Brandon bei eis. De Fils ass scho Matrous u Bord, a wëll genee wéi de Papp Kapitän ginn. Och fir deen gëtt et näischt méi Schéines wéi wunnen a schaffen um Waasser?

Cela veut dire le voyage, les paysages, l'entretien, le travail tout ce qui suit, pour moi c'est la vie à bord. quand j'étais à l'école je vivais chez ma grand-mère et du coup je voyais mes parents que pendant les vacances. Or c'était très difficile et quand je devais quitter le bateau je pleurais.

Handwierklecht Geschéck ass gefrot fir dass alles fonctionéiert, an de 1500 PS staarke giganteschen Diesel Motor zouverlässeg leeft. 100-120 Liter d‘Stonn Verbrauch, jee no Stréimung, a voll gelueden alt bis zu 250, mengt de Brandon.

D’Liewen u Bord huet ferm evoluéiert, de Gilles Girard erënnert sech ?

Au début on avait un petit bateau de 38 mètres. Moi je me rappelle que j'ai vécu avec mes parents sur 12m2. Mon premier bateau avait entre 25 et 30m2. Ensuite le bateau où j'étais propriétaire avec 70m2 ensuite on est passé à 90m2 et maintenant avec 125m2 c'est le grand luxe, avec le chauffage au sol, la climatisation le jacuzzi dans la salle de bain. C'est un autre monde quoi.

D’Schleisen ënnerwee kenne 24 op 24 Stonne passéiert ginn, mee et ass scho reglementéiert wéi laang dierf navigéiert ginn?

RTL

Moi j'ai le droit de naviguer 14 heures affilié, reparti comme je veux. Si je pars à miniuit, je dois m'arrêter à 14 heures.

Wat kascht esou e Gidder Schëff, wéi dacks muss et an d’Revisioun? Wéi laang am Viraus kann e plangen a firwat den Hafe vu Mäertert esou beléift ass, dat gi mir da muer gewuer.