Wien sech d'Fro stellt, wat eigentlech e Spuerveräin ass, a wat dee fir Aufgaben huet, dee wonnert sech vläicht, wann en esouguer um Netz keng grouss Erklärungen doriwwer fënnt. Well am Fong ass e Spuerveräin kee Veräin am richtege Sënn. D'Michèle Schons huet mol nogefrot op et der hei iwwerhaapt nach vill ginn, a wat se maachen:

13/01/2022 Spuerveräiner - ginn et där nach a wat maachen se?

An engem Spuerveräin sinn eng Zuel u Leit zesummen, déi reegelméisseg e gewësse Betrag abezuelen an um Enn eppes Gemeinsames doraus maachen, oder eben och eppes zeréckzekréien. Allerdéngs ginn et haut net méi wierklech vill Spuerveräiner par Rapport zum 19te Joerhonnert, wou een nach eng ganz Rëtsch fanne konnt. De René Marx, President vum Spuerveräin Schëtter huet eis verroden, dass et effektiv net méi ganz vill där Spuerveräiner ginn, wat scheut ass, well et jo awer eng gutt Saach ass, dass een am Laf vum Joer eppes fir sech selwer do zesummespuere kann.

RTL

© pixabay

Déi wuel bekanntste Form sech zesummenzedoen vun enger ganzer Grupp vu Leit am Spuerveräin war de reegelméissegen Treff am Café oder der Wiertschaft. Fréier goufe et hei bis zu 50 Spuerfächer wou jiddereen e Montant agehäit huet. Enn des Jores gëtt dann d'Spuerschwäin geknackt. Éischt Gemeinschafte vu Klengspuerer sinn an Däitschland beispillsweis schonn am Joer 1847 festgehale ginn. D'Iddi hat sech deemools och méi am Norde vun Däitschland verbreet, wou et t'éischt als "Weihnachtssparen"bezeechent ginn ass. Éischt Club'e sinn 20 Joer méi spéit vu Séileit an Hafenaarbechter gegrënnt ginn an hunn als Ënnerstëtzung fir Noutfäll funktionéiert. An de 60er Jore goufen et nach dausende vun deene Club'en.

RTL

© pixabay

Och de Wiert kënnt heibäi op seng Käschten, well an der Reegel jo och nach beim Treffen e Patt gedronk oder e Maufel giess gëtt.

De Millionär
c/o René Marx
Tél. : 621 186 375
Email: rmarx1@pt.lu