Wann ee Wuert nieft der Pandemie 2021 markéiert huet, dann sinn dat bestëmmt d'Impfungen. An och do wiere mer schonn nees beim leidegen Thema Corona. Den Dr Marc Keipes, Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare wëll awer drun erënneren, dass et awer nach ganz aner Impfungen gëtt, déi bal komplett aus dem Kapp verschwonnen sinn.

Ausser dem Tetanus, Diphtherie, Cocqueluche, Polio, déi all 10 Joer opgefrëscht solle ginn, gëtt et awer nach aner Impfungen, déi et ze diskutéiere gëllt, well se net grad esou bekannt sinn. D'Waasserpouken hate mer alleguerten. Dee Virus kann sech als Gürtelrous rëm weise kommen, 20, 30, 50, 60 Joer dono. Also besonnesch bei eelere Leit oder Leit wou den Immunsystem net méi grad sou gutt funktionéiert. Net nëmmen dass déi Gürtelrous lästeg ass, vill Leit kréien duerno chronesche Wéi op där Plaz, wat een kéint verhënneren mat sou enger Impfung.

15-01-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - Impfungen

Alt nees e Beispill dass impfen hëlleft. An et gëtt nach e gutt Beispill.

Pneumocoquenimpfung schützt eis virun deene schlëmmste Formen vu Longenentzündungen. Un sou engem Pneumocoqueninfekt kann een souguer stierwen. Do brauch een zwee verschidden Impfstoffer, an dat betrëfft och erëm Leit am Alter oder mat Risikofacteuren. De Grippevirus mutéiert leider och esou oft wéi de Sars-Cov an dofir gëtt et all Joer eng nei Variant vun Impfstoff wou awer déi schro Fäll mat déidlechem Ausgang kënne verhënnert ginn, wann een se dann och mécht. Schwätz onbedéngt mat ärem Dokter a bleift gesond.

15-01-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - Grippeimpfung