Dat lescht Joer hunn d'PROTRANSPLANT.LU hir 10 Joer gefeiert. D'Organisatioun gouf vu Patienten, Organtransplantéierten, Familljememberen an och Fleegepersonal gegrënnt. Hiert Zil ass d'Organspend zu Lëtzebuerg ze fërdere wéi och Hëllef fir Betraffener, hir Familljen a Patienten ze bidden.

14/01/2022 Protransplant1

All Mënsch kann Organspender ginn, do gëtt et keng Alterslimitte, natierlech ginn et Exceptiounen, wéi medezinesch Grënn, sou d'Generalsekretärin vu Protransplant.lu, Christiane Bourg:
Zum Beispill Leit, déi Kriibs hunn, komme leider net fir d'Organspend an Fro. Da ginn et och verschidden Diabeteesformen, déi och net a Fro kommen. An da wann och e Probleem ass mat engem spezifeschen Organ, da kann dat och net fir d'Organspend geholl ginn.

Dem Gesetz no si mir zu Lëtzebuerg all Organspender, ausser et huet ee schrëftlech festgehalen, datt een dat net wëll. Mä wann een Organspender wëll sinn.
2 Saache kann ee maachen: Do ass de Passeport de vie, deen elo rezent an d'Bréifkëschten ausgedeelt gouf, dee kann ee ausfëllen a bei sech droen. Domadder offizialiséiert ee seng Decisioun. Da gëtt et zu Lëtzebuerg och den Dossier de soin partagé, deen ee bei sengem Dokter kann opmaache loossen oder selwer, an och do dran ass d'Fro vun der Organspend. Do kann een dann uginn op een dat maache wëll, jo oder nee.

Sou elo hunn ech dann de Passeport de vie ausgefëllt a wann ech stierwen, da gëtt dee bei mir fonnt an dann geet dat mam Organspende fir mech an d'Rei?
Nee leider ass dann nach net alles an der Rei. Et ass esou, datt an dem selwechte Gesetz och steet, datt d'Doktere sech och musse vergewësseren ob awer net e Refus do war an dat gëtt dann ëmmer sou ausgeluecht, datt d'Famill och nach emol gefrot gëtt. Dofir ass et esou wichteg, datt do eng Kommunikatioun doheem dann ass, mat senger Famill a sengen Noen, fir datt déi am Numm vum Verstuerwenen déi Decisioun weiderginn.

Et ass esouguer sou, wann de Passeport de vie mat Jo ausgefëllt an d'Famill seet dann awer Nee, dann ass et Nee.
Wat mir als Protransplant.lu net richteg fannen a mir stinn dofir an, datt do iwwert e Gesetz oder e Reglement grand-ducal soll gereegelt ginn, datt dat war zum Beispill am Dossier de soin partagé dra steet, dat dann och gemaach gëtt, ob do elo Jo oder Nee steet.