Laut Statistik stierwen all Joers 6 Mënschen zu Lëtzebuerg, well net mat Zäiten e Spenderorgan fonnt gëtt, dat passt. Dofir engagéiert sech Protransplant.lu zanter Jore fir d'Organspend zu Lëtzebuerg ze fërderen.

14/01/2022 Protransplant 2

Am Fong kéint all Organ transplantéiert ginn, wéi eis d'Generalsekretärin vu Protransplant.lu Christiane Bourg erkläert.
Theoretesch sinn et och net nëmmen d'Organer, mä och Seenen, déi transplantéiert kënne ginn, oder Haut. Oder och d'Hornhaut. Elo ass et awer esou, datt an de meeschte Fäll an der Moyenne gi 4 Organer entholl an dat hänkt och dovunner of wéi d'Qualitéit ass, wéi déi nach sinn an ob et och nach e medezineschen Einwand da gëtt.

Elo ass et leider datt et net genuch Organspender zu Lëtzebuerg ginn.
Weltwäit ginn et net genuch Organspender. Zur Zäit ginn et der vill ze wéineg am Eurotransplantraum, zu deem Lëtzebuerg jo gehéiert, bei engem Zesummeschloss vun 8 Länner. Do kréien an der Moyenne just d'Hallschent vun de Leit, déi op der Waardelëscht stinn, en Organ.

D'Explantatioune ginn zu Lëtzebuerg gemaach, awer d'Transplantatiounen net.
Dat heescht do kommen dann d'Dokteren aus dem Ausland zum Deel an och vu Lëtzebuerg, déi d'Organer enthuelen. Transplantatioune ginn awer hei zu Lëtzebuerg keng gemaach, dat gouf et e virun Joren nach, Transplantatioun bei den Nieren. Mä wéi deen Dokter opgehalen huet, ass leider keen hannendru komm.

Wouriwwer se bei Protransplant.lu och net frou sinn.
Dat heescht datt bei all de Patienten, déi zu Lëtzebuerg wunnen an eng Transplantatioun brauchen, datt si dann an d'Ausland musse goen. Déi meescht ginn an d'Belsch, en Deel vun de Patiente geet an Däitschland, an anerer ginn a Frankräich.

De Grond firwat Leit net Organspender wëlle ginn, ass well se net genuch informéiert sinn. An och nach ni mam Thema a Beréierung komm sinn an dofir zielt et zu den Haaptmissioune vu Protransplant.lu d'Leit richteg ze informéieren.