Säit e Mëttwoch ass an de Kinoen ass dem Joel Coen seng Verfilmung vum Scottish play, vum Shakespeare sengem Macbeth ze gesinn. Ophänkert fir den Tom Dockal, a senger Rubrik Véiereckeg Aen, fir iwwer MacBeth Verfilmungen ze kucken, an eng erauszepicken. Just fir dann erauszefannen, dat net iwwerall MacBeth dran ass, wou MacBeth drop steet. Mee dat ass och net esou wëll. Lady MacBeth leeft säit e puer Deeg um alternative Streamingdéngscht MUBI.

14/01/2022 Véiereckeg Aen: Lady MacBeth

Lady MacBeth maach keng Shakespeare-Adaptatioun sinn - dofir eng vun enger Nikolai Leskow Novell, déi d'autant plus an den 1930er vum Schostakowitsch zu enger Oper verschafft ginn ass - mee eleng d'Ernimme vum wichtege Personnage vun der Theatergeschicht gëtt engem eng Anung dovunner, wat een an deem Film erwaarden duerf.

De Realisateur William Oldroyd an d'Auteurin Alice Birch, selwer virop Theaterleit, och wann d'Birch ëmmer méi fir d'Telé an de Kino schafft, erziele vun enger jonker frësch bestueter Fra am England vum 19. Joerhonnert, dem Katherine. D'Bestietnis ass alles, mee just net aus amouréise Grënn zustane koum. Hire Mann ass e béisaartegen a verbatterten Typ, dee selwer och nach ënnert der Schlapp vu sengem tyrannesche Papp ass. Enges gudden Daags verloossen déi zwee Männer aus beruffleche Grënn hire Sëtz an der englescher, just dem Schäin no idyllescher Provënz, déi een aus der Abberzuel u Jane Austen Verfilmungen in an auswenneg ze kenne schéngt, a roden dem Katherine esouguer, si sollt dach doheem sëtze bleiwen, iert si nach eng Grippe afänkt. Mee d'Katherine geet wuel an d'frësch Loft a léiert iwwer ganz ongemittlech Ëmstänn den neie Kniecht kennen. An iert si sech ëmkuckt, läit si mat där Brute am Bett an huet eng Affär ugefaangen. Jidderee weess vun där Geschicht Bescheed a mam Retour vum Schwéierpapp stellt sech eraus, dat en Zeréck bei déi konstant Humiliatioun an dat éiwegt Kujenéiers fir d'Katherine keng Optioun méi ass.

Dem Shakespeare seng Lady MacBeth Figur war eng intelligent an manipulativ Figur, déi mat hiren Intrigen de MacBeth a sech selwer op de schotteschen Troun gesat krut. Am Stéck gëtt si - salopp gesot - iergendwa mëll an hëlt sech d'Liewe, wann si bis gesäit zu wat si de MacBeth geridden huet. An dësem Film ass d'Lady MacBeth net manner tragesch, dofir awer vun Uffank bis zum Enn selwer responsabel an aktiv un de bluddegen Doten an hirem moraleschen Niddergang. De Film dréckt d'Ënnerdréckung vun der Fra, déi an de ganze Kostümsfilmer an der geschwollener Sprooch latent ëmmer do ass, an de Mëttelpunkt a proposéiert en Auswee, dee warscheinlech guer keen ass. De minimale Budget ass ënner anerem och duerch d'Kameraaarbecht vum Ari Wegner, där hir Biller ee ganz rezent am The Power of the Dog konnt gesinn, net ze spieren. D'Landschaftsbiller sinn net just schéin, mee kënnen als Verlängerunge vun der Einsamkeet vum Katherine a senger Ëmwelt verstane ginn. Lady MacBeth war 2017 virop den Duerchbroch fir déi englesch Actrice Florence Pugh. An et ass dem Pugh sengem Optrieden ze verdanken, enger Mëschung aus vun de Liewensëmstänn gefidderter Onsécherheet a gläichzäiteger Film noir Blutrünstegkeet, déi Lady Macbeth zu sengem interessante Kuckerliewnis maachen. An dauert knapp 85 Minutten.