Hutt der iech schonn mol d'Fro gestallt, wat mat Uebst a Geméis geschitt, wat net der Norm entsprécht? Dat heescht, wat ze grouss oder ze kleng, ze kromm, oder wou den Datum ofgelaf ass? 

18/01/2022 on.perfekt - Crowdfunding Aktioun

Ugefaangen huet alles Ufank 2020  wou d'Membere vun on.perfekt zesumme souzen an sech iwwer een Artikel ënnerhalen hunn deen se gelies haten. An deem Artikel vum WWF stoung nämlech, dat 30%  vum Geméis op de  Felder muss auszortéiert ginn aus kosmetesche Grënn. Si hunn sech scho laang mam Thema #foodwaste ausernee gesat an och wa keen sech absolut bewosst war, dat een ze vill Liewensmëttel verbëtzt, huet d´Ausmooss vun der Verschwendung een erféiert.

RTL

© onperfekt.lu

Wou landen eis Liewensmëttel déi net de kosmetesche Standarden entspriechen oder déi ee klenge Feeler hunn? Ginn Liewensmëttel déi ofgelaf si weider verdeelt oder ewechgeheit?
Déi ganz Problematik baséiert op EU Normen.

RTL

© onperfekt.lu

Onperfekt huet eemol de Mount e Pop-up Maart, wou d'Wueren da verkaf ginn, déi de Bauer net méi vermaarte konnt, fir och si esou z'ënnerstëtzen. Donieft wëllen se eng Epicerie opmaache mat allem wat auszortéiert gëtt, kromm Muerten, kleng Gromperen, ofgelafe Liewensmëttel an allem wat ee Schéinheetsfeeler huet. An hei soll e Crowdfunding hëllefen.

RTL

© onperfekt.lu

Um 12 Auer de Mëtteg geet et lass. Et ass een elo no 2 Joer och e Schratt méi wäit a gutt opgestallt fir eppes Gréisseres géint d'Liewensmëttelverschwendung z'ënnerhuelen. ... eben einfach on.perfekt