Fir dass d'Police méi Zäit krit, sech ëm schwéier Verbriechen ze këmmeren, dierf se elo an enger klenger texanescher Stad hir Protokoller via SMS verschécken.

17/01/2022 De Pechert pecht eng SMS

Net méi hannert dem Wischer - dofir elo um Handy.

"Trusted Driver Program" heescht e Pilotprojet an enger klenger texanescher Stad. Et geet drëms, der Police hir Aarbecht z'erliichteren. Si wëlle manner Verkéierskontrolle maachen, fir sou besser Zäit ze hunn, sech op di méi schwéier Gesetzesverstéiss ze konzentréieren.

Heescht fir d'Automobilisten: wa se bei enger Infraktioun erwëscht ginn, da gi se net méi ugehalen, et schreift kee Polizist méi en Ziedel, mä si kréien eng SMS vun der Police, an där hir Infraktioun notéiert steet, a wéi e Bousgeld se dofir bezuele mussen.

Matmaachen un deem Projet ass fräiwëlleg a leeft iwwert eng Internetsäit, op där interesséiert Automobilisten hir perséinlech Donnéeën hannerloosse fir sech z'enregistréieren. Do kënne se och hir Protokoller bezuelen, respektiv se ufechte wann se net domat d'Accord sinn.

Sollt dee System positiv Resultater bréngen, a wéi erhofft och fir méi Sécherheet op de Stroosse suergen, da kéint en permanent bäibehale ginn. Bleift da just ze hoffen, dass och jiddereen di richteg Donnéeën an dee System agëtt. Net dass de Noper op eemol vill SMSen krit...