Wann een den Alldagsstress eng Grimmel ka lénks leie loossen, da kommen engem alt mol déi beschten Iddien an de Kapp. Genee esou ass et de Grënner vun enger Lëtzebuerger Start-up gaangen, déi en ëmweltfrëndlecht Wäschmëttel erfonnt hunn, wéi se aus Indonesien nees heem koumen, Michèle Schons?  

18/01/2022 Wasch - eng Lëtzebuerger Firma mat nohaltegem Wäschmëttel

Et war op engem Roadtrip duerch Bali wou den Nicolas Devaux an d'Sarah Weyssow schockéiert waren, iwwert dee ville Plastikdreck, deen an der wonnerschéiner Landschaft ronderëm louch an d'Natur verknascht. Si hat direkt d'Iddi fir e Projet ze starten, mat deem se Eppes dogéint setze konnt an den Nicholas, e jonken Entrepreneur war och direkt begeeschtert. Doheem hunn se dunn hir Geschäftsiddi weider entwéckelt. No enger Analyse vun all e Produiten, déi ee reegelméisseg keeft, sinn se zur Conclusioun komm, dass d'Wäschmëttel mat dat schlëmmst ass, souwuel d'Verpackung wéi och déi chemesch Zesummesetzung. No enger Zäit vu Brainstorming an och der Sich no nohaltegen a Lokale Produzenten, war de But en ëmweltfrëndlecht Wäschmëttel, ouni schiedlech Ingredienten an der Rezeptur, effizient an och ouni Plastik. 

RTL

© wasch.lu

D'Firma Wasch ass offiziell am Februar lescht Joer gegrënnt ginn an dank enger Facebookcampagne koumen och direkt déi éischt Commanden. De Moment ginn dräi Zorte vun dem flëssege Wäschmëttel ugebueden. Och wann eng Firma ze grënnen keng ganz einfach Aufgab ass, ass Opginn fir den Nicholas an d'Sarah keng Optioun.  Den éiergäizege Plang fir eppes ze veränneren an dass de Planéit vun der Initiative profitéiert ass fir déi zwee natierlech eng grouss Motivatioun.

RTL

© wasch.lu