Eng traureg Geschicht huet d'RTL Déierendoktesch Romi Roth haut derbäi, déi och e gestanenen Veterinär net kal léisst. Et hëlt een ëmmer eppes mat Heem. och wann een et evitéiere wëll.

De Louis, beim leschten Impfcheck virun engem Joer nach fit wéi eng Turnschlapp, war an de leschte Méint ganz gouereg a mackeg ginn. De getigerte Kueder louch just nach am Wäschkuerf ze schlofen, Well hien bal näischt méi gefriess, mä terribel vill gedronk huet, hat seng Famill eng Nierenschwächt oder eng Zockerkränkt am Verdacht, mat enger Bluttënnersichung goufen déi zwou Pathologië an der Praxis dunn awer séier eliminéiert. Mä well de Louis e begeeschterte Freigänger war, gouf säi Blutt och emol op déi dräi gängegst a leider och hei am Land ganz present Kazekrankheeten gekuckt. Den Test op Kazeleukos an FIP war negativ. Mä dee fir Kazen-Aids (FIV) ass eis mat engem déif violette positivem Stréch riicht an d'A gesprongen.

18-01-2022 Déierentipp - Romi Roth - Kazen-Aids - Diagnos

Huet dee Kazenaids och eppes mam HIV, dem Mënschen-Aids ze dinn, obwuel d'Kränkt bei der Kaz genee wéi déi beim Mënsch verleeft?

Mat villen Ënnersichungen wou d'Heefegkeet vun Aids bei Kazenleit verglach gouf mat där bei Leit, déi ni mat Kazen Kontakt hunn, ass sécher gestallt, dass e Mënsch sech net bei enger Kaz ustieche kann. Dat gëllt natierlech awer guer net fir déi mat de sametten Patten. All bis dohi gesond Kaz, déi Blutt oder Spaut vun enger FIV-Kaz an eng Wonn kritt, ka sech eenzock infizéieren. Dat gewosst an och dass de gudde Louis awer vill a gäre Kazereien ustiwwelt, gouf säin FIV-Test no engem Mount widderholl. A well d'Resultat selwecht wéi beim éischten héich positiv war an et - wéi bei eisem HIV- och géint d'Kränkt duerch den FIV-Virus leider nach keng Heelung gëtt, hu seng Leit sech decidéiert hire kranke Kueder léiwer aschléiferen ze loossen.

18-01-2022 Déierentipp - Romi Roth (2) Kazen-Aids - Behandlung