Goldfësch, déi mir jo gutt a gären als Hausdéier halen, huet méi drop wéi ee mengt. Fuerscher vun der Ben-Gurion-Universitéit vum Negev an Israel hunn e Waassertank un e Fuerwierk montéiert an hunn engem Fësch bäibruecht domadder ze fueren. Sensore gesinn wouhinner de Fësch sech beweegt an dohinner beweegt sech den Tank dann. Wann de Fësch et bis bei e rosat Schëld packt, gëtt e mat Fudder belount an e schéngt sech dat Ganzt och gutt ze mierken. Wann ee mëttlerweil souguer e Goldfësch dresséiere kann, kann ee sech emol d'Fro stellen, wéi et iwwerhaapt dozou komm ass, dass Mënschen ugefaangen hunn Déieren ze dresséieren. D'Déierendoktesch Romi Roth weess do méi.

19/01/2022 Déieren dresséieren

Romi Roth: Déi alleréischt Déieren, déi dresséiert goufen waren den Hond, d'Päerd oder den Elefant. Dat war alles zimmlech zäitgläich, do schwätze mir vun 2000 viru Christus. Dat waren Dressuren, déi sinn an d'Richtung gaangen, dass d'Déiere maache musse, wat vun hinne verlaangt gëtt, soss gi se gebeetscht. Hautdesdaags do geet et ëm eng Belounung, well se eben deen Extra-Plus gären hätten, well déi Schneekerei z.B. nawell interessant fir si ass, mee déi ginn awer net verhéngere gelooss.

Bei de meeschten Déiere muss d'Belounung net nëmmen eppes ze schneeke sinn. Meeschtens wëllen d'Déieren eis och einfach just frou maachen.
Romi Roth: Wann ech do un d'Afen, Delfinen oder un d'Muppen denken, dann ass et schonn d'cérise sur le gateau, dass mir dann och frou sinn. Ganz vill Hondstraineren soen, den Ufank sollt scho gemaach ginn, dass den Hond e Leckerli kritt, mee den ieweschte Grad vu Performance huet den Hond erreecht, wann en am Fong geholl just op Luef funktionéiert. De Luef huet dann just domadder ze dinn, dass e frou ass, wa mir frou sinn.

Leider kënnen Déieren och duerch negativ Awierkunge léieren. Dat geschitt virun allem dacks bei eise Mieresbewunner.
Romi Roth: Natierlech en Orka ass och keen dommt Déier, soss géinge se e guer net asetzen. E muss iergendwéi iessen, dat heescht e probéiert alles fir zu deem Iessen ze kommen an do probéiert et en eben och dat, fir net ze erhéngeren. Fir d'Déier an eng mësslech Situatioun ze bréngen an et ze zwéngen aus dëser mësslecher Situatioun nëmmen duerch déi eng Päertchen eraus ze kommen, dat ass einfach net méi modern an dat schonn zimmlech laang net méi.

Déiere sinn ëmmer nach Liewewiesen, da sollt een se och esou behandelen.