Am Wanter verzitt ee sech jo gären emol méi no bannen. Do ass et schéi waarm a gemittlech an op de Vëloklammen ass e Gedanken, dee wäit ewech ass. An dobäi wier et awer net vun Nodeel, wann ee sech dozou motivéiert kréich sech op de Suedel ze setzen. Wann ee sech mol vir hëlt duerch d'Keelt ze pedalléieren, huet dat  och Virdeeler, esou de Fränk Schleck vun der Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois.

19/01/2022 Am Wanter Velo fueren

Fränk Schleck: Et ass gutt fir d'Gesondheet. Natierlech huet een de Mouvement durable, wou ee gréng Energie benotzt, an deem een commuting mécht. Als drëtte Pillier ass et natierlech fir den Tourismus ganz gutt, well een d'Welt aus enger anerer Perspektiv gesäit. D'Nodeeler sinn natierlech, dass et am Wanter richteg kal a naass dobaussen ass. No hallwer 5 oder 5 Auer muss een awer och absolut oppassen, dass ee sech gutt op der Strooss visibel mécht, wëll et Owes méi séier däischter gëtt.

Reegelméisseg am Wanter Vëlo ze fueren, hëlleft och den Infektiounsrisiko ze reduzéieren. Dobäi sollt een awer oppassen: Den Immunsystem kann duerch d'Temperature séier iwwerlaascht ginn. Dofir sollt ee sech virbereeden.
Fränk Schleck: Haut huet ee ganz gutt Geschier a Kleeder, déi ee kann undoen, déi ganz gutt virun der Keelt protegéieren, mee och virum Verkéier. Et kann ee sech mat enger klenger Luucht um Vëlo z.B. visibel maachen. Sech giel undoen oder Reflex-Jacketen kënnen een och visibel maachen a virun der Keelt schützen. De gudden alen Zwiwwel-Prinzip zielt och nach, d.h. eng Couche méi undoen ass wierklech net verkéiert.

Et kann och net schueden de Vëlo selwer dofir ze equipéieren.
Fränk Schleck: Et huet een och nawell déi Gravel-Vëloen hautdesdaags, déi un dat Ganzt ugepasst sinn, och wann et vläicht net dee schnellste Vëlo ass. Wann awer och vill Salz op de Stroosse läit, huet een awer och vläicht einfach en zweete Vëlo, e Gravel-Vëlo oder e City Bike deen een och ka roueg benotzen, deen ee mat Schutzblecher ausrüste kann. Dat schützt dann awer och nach wann d'Stroosse just naass sinn.

Egal ob op 2 oder 4 Rieder, am Wanter gëllt nach ëmmer extra opzepassen. Mir wënsche Bonne Route.