Déi lescht Joren héiert een de Begrëff "Pop up Store" ëmmer méi dacks. Hannendru verstoppt sech u sech näischt aneres wéi e klenge Buttek deen een nëmmen iwwer kuerz Zäit op enger bestëmmter Adress fënnt. E Geschäft dat, wéi eng Planz, quasi iwwer Nuecht aus dem Buedem spréisst. Sou ephemere Butteker ginn dann och hei am Land ëmmer méi beléift. D'Nicky Soisson war fir eis op d'Stater Gemeng an huet sech do iwwert dësen Trend informéiert.

21012022 Pop up Store leie voll am Trend

Wat op den 1. Bléck vläicht ongewinnt schéngt, huet dach sou munch Virdeeler. Wie säi Business op "Pop up"en opbaut dee befreit sech vu laangfristege Kontrakter a ka seng Produite, ouni ze vill grousse Risiko, mol testen éier e sech laangfristeg engagéiert.

De Potential deen esou e "Pop up Store" ze bidden huet, hunn dann och hei zu Lëtzebuerg well eng Partie Leit erkannt, Serge Wilmes, 1. Schäffen vun der Stad Lëtzebuerg:

"Wéi mir 2018 ugefaangen hunn als Stad Lëtzebuerg mat 2 "Pop up Storen" an der Philippsgaass, do hate mer sou ongeféier 40 Kandidature pro Appell, elo si mer schonn, 2021-2022, ëm déi 70 bis 80 Kandidaturen déi erakomme wa mer en Appell maachen. An et gesäit een och, dass ganz vill Privatinitiative well entstinn och fir "Pop up Storen". Also et ass well richteg e Phenomen ginn am Moment."

De Profil vun de Leit déi hier Kandidatur schécken ass ganz ënnerschiddlech.

"Dat sinn der souwuel déi nach guer kee Buttek haten, déi vläicht online eppes verkaf hunn an déi mol wëlle kucke wéi dat ass e Buttek ze hunn an der Stad. Et sinn awer och Geschäftsleit déi well Butteker hunn an déi nei Produiten hunn, eng nei Iddi hunn, déi och vir d'éischt mol wëlle gär testen éier se e gewësse Risiko huelen. Also et ass fir déi eng a fir déi aner."

Allerdéngs gëtt en Ënnerscheed am Präis vum Loyer gemaach. Sou bezilt een, deen nach kee Buttek huet a bei 0 ufänkt ronn 650 Euro de Mount, ouni Chargen. E gestanene Geschäftsmann, op där anerer Säit, bezilt fir e "Pop up Store" an der Stad e bëssi méi wéi 2000 Euro de Mount.

D'Iddi vun de "Pop up Storen" ass, nieft dem Fakt eidele Lokaler nees Liewen anzehauchen, engersäits, dass d'Mixitéit an d'Geschäftsoffer an der Stad e bëssi méi breet gemaach ginn.

"Op där anerer Säit wollte mer awer och ganz kloer d'Entrepreneuren ënnerstëtzen, Leit déi ebe gäre Produiten un d'Fra oder de Mann wëlle bréngen an déi awer dacks fäerten e Risiko ze huele fir um Marché dobausse Fouss ze faassen. Fir déi och ze ënnerstëtzen, fir deenen eng Méiglechkeet ze ginn iwwerhaapt mol hier Produiten ze testen an un d'Leit ze bréngen. Also et huet déi do 2 Ziler déi mir heimat verfollegen."

Am Moment huet d'Stad Lëtzebuerg 1 "Pop up Store" deen hier gehéiert. 2 Surface ginn aktuell op laang Zäit beim Staat gelount an dëst Joer kommen dann nach 3 Lokaler dobäi déi bei Privatleit gelount ginn.

Wann och Dir eng Geschäftsiddi an e Businessplang hutt, dann zéckt net a stellt mol einfach Är Kandidatur.

"Mir maachen ëmmer reegelméisseg Appelle wann erëm Pop up Storen disponibel si vun eiser Säit aus. Dir stellt eng Kandidatur an da kuckt de Schäfferot do driwwer, mir bewäerten dat op Basis vu Krittäre Wéi kreativ ass et? Wéi ass d'Qualitéit dovunner? ass et innovativ? Do gëtt gekuckt ob eppes nach net do war an der Stad, d'Originalitéit an esou. An da gëtt een dann dee Moment eraus gesicht vum Schäfferot an da kann ee sech verflichten tëscht 1 a 6 Méint."

Op där anerer Säit freet d'Stad Lëtzebuerg sech awer och iwwer Privatleit déi hiert eidelt Lokal an der Stad un d'Gemeng verloune wëllen.

Weider Informatioune fannt Dir hei: