Mat esou mann wéi méiglech Congésdeeg sou vill wéi méiglech fräi hunn, dat geet! Dass een zum Beispill 4 Deeg Congé ufreet an dann dierf 9 Deeg net schaffen kommen: d'Feierdeeg maachen dat méiglech. Wéi schloen ech do fir d'Joer 2022 déi meeschten Deeg eraus fir e verlängerte Weekend?

20/01/2022 Feierdeeg optimal notzen

Neijoerschdag läit schonn hannert eis, et bleiwen awer nach 10 gesetzlech Feierdeeg fir d'Joer 2022

Mä fueren mer der Rei no: Deen nächsten gesetzlechen Feierdag ass den 18. Abrëll, Ouschterméindeg. Dass deen Dag an och Péngschtméindeg méindes sinn, dat ass elo wéineg verwonnerlech, awer eng gutt Geleeënheet fir eng verlängert Woch, sech also déi 4 Deeg drop fräi ze huelen an domadder een Dag ze spueren. Oder anescht gesinn: ass de Feierdag ee Méindeg an déi 4 Deeg drop huet ee Congé, dann huet ee mam Weekend abegraff 9 Deeg fräi.

Den 1. Mee hëlleft do net vill weider, dee fält dëst Joer nämlech op e Sonndeg.

Duerno huet ee mam Europadag, dem 9. Mee deen nächsten Dag dee gutt fält, e Méindeg.

Fir e verlängerte Weekend misst ee sech den 27. Mee Congé ufroen, den Dag no Christi Himmelfaart.

Am Juni ginn et zwee gesetzlech Feierdeeg. Nieft Péngschtméindeg de 06.06 och nach Nationalfeierdag den 23. Juni. Dee bitt sech un, well en op een Donneschdeg fält.

De 15. August verlängert sech de Weekend och nees vun eleng, Maria Himmelfaart ass am Joer 2022 ee Méindeg. Och dann de Prinzip: 4 Deeg Congé, 9 Deeg fräi.

RTL

© Pixabay

Sech op Halloween fräi ze huelen géif dëst Joer Sënn maachen, da kann een och nach den Dag méi laang leien bleiwen op Allerhellegen, deen op dënschdes fält.

Elo wiere mer scho bal um Enn vum Joer ukomm, bei de Chrëschtdeeg.

Och do huet de Kalenner et gutt mat eis gemengt dëst Joer.

Dann hätt ee mat 4 Deeg Congé 9 Deeg fräi, also Weekend inclus an och nëmmen natierlech wann ee weekends net schafft. De 26. Dezember ass glécklecherweis ee Méindeg.

Wéini si wéi eng gesetzlech Feierdeeg 2022?