Hutt Dir nach e Festnetz-Telefon? A wa jo, kënnt der soen, wéi vill der an der Moyenne domadder telefonéiert? Mir hu bei der Post nogefrot fir gewuer ze ginn, wéi vill därer Uschlëss et nach hei zu Lëtzebuerg ginn a wéi vill se an der lescht benotzt goufen.

25/01/2022 Méi oder manner Festnetztelefonen?

De Cliff Konsbruck, Direkter vu Post Telecom erkläert, dass bei eis en Trend ze erkennen ass:

"Wat déi klassesch Telefonie ugeet, ass bei eis ganz kloer den Trend, dass déi kontinuéierlech erof geet. An zwar a Gréisstenuerdnungen vu ronn 20 Prozent d'Joer. Do ginn et ëmmer méi Alternativen zum klasseschen analogen Telefon deen een doheem huet. Et gëtt ëmmer méi mobil telefonéiert, och iwwer Appen an den Internet am allgemengen. An do ass déi klassesch Telefonie wéi mer se kannt hunn ëmmer manner attraktiv."

RTL

© Pixabay

Bei der Post gesäit een dann och genee, wéi vill d'Leit an der Moyenne mateneen telefonéieren.

"Mir gesi ganz kloer, dass  2020 wärend der Pandemie d'Utilisatioun an d'Luucht gaangen ass. Do si vill méi Minutten telefonéiert ginn wéi nach dat Joer virdrun 2019. Déi Tendenz ass awer muss ech soen, leider, 2021 erëm an där selwechter Gréisstenuerdnung zréckgaangen. An der Moyenne huet 2020 e Gespréich 3,9 Minutte gedauert. An dat war effektiv och eng Dauer déi méi laang war wéi déi Moyennen déi mer déi Jore virdrun haten."

An enger Zäit an där vill Leit doheem waren an och nach wéinst dem Homeoffice sinn, do ass et dann och ëmsou méi wichteg gewiescht, dass wärend enger Video-Konferenz d'Bild net ënnerbrach gëtt, mä fléissend ass.

"Wann een sech elo virstellt, et mécht een Homeoffice an dee mécht ee mat engem analogen Telefon, dat gëtt komplizéiert! An do gesäit een déi ganz Evolutioun déi mer elo hunn. Mir hunn elo Internetaccèsen do leeft net nëmmen d'Telefonie driwwer,  do leeft den Internet driwwer, eisen Teletravail, eis Videokonferenz, owes kucken mer d'Tëlee driwwer an dat ganz oft net eleng.  Do ass eng ganz Famill déi do derhannert ass, do brauch een dann och déi entspriechend Kapazitéiten wou et da mat enger Kofferlinn eventuell net méi duergeet, wou et da wichteg ass, e Glasfaseruschloss ze hunn. Dat huet enorm evoluéiert iwwert déi lescht Joren."

RTL

© Pixabay

Wéini hu mer dann alleguerten Glasfaser?

"Mir bauen eise Glasfaserreseau kontinuéierlech aus. Eis Objektiv ass, dass mer bis 2025 90 Prozent vun de Stéit mat enger Glasfaser ugeschloss hunn. D'Objektiv à long terme ass, dass mer 2030 op 100 Glasfaseruschloss sinn."

RTL

© Pixabay

RTL